Radioen

On air

De Weekend  |  Matthew Wilder - Break My Stride

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Appell fir méi Responsabilitéit z'iwwerhuelen

Lag vun der Europäescher Unioun

Appell fir méi Responsabilitéit z'iwwerhuelen

An der EU ginn et de Moment grouss Erausfuerderungen. Wat sinn d'Äntwerte vum EU-Kommissiounspresident? Dat huet de Jean-Claude Juncker am Europaparlament während 50 Minutten an der Ried zur Lag vun der Unioun verroden.

auto_stories

3 min

Jean-Claude Juncker (Foto: EP / Marc DOSSMANN)

Eng déifgräifend Unioun ass ustrengend, esou de Lëtzebuerger EU-Kommissiounspresident. Wéinst zevill Bequemlechkeet géif Populismus entstoen. D’EU wier an enger existenzieller Kris. "D’Memberstaate schwätzen ze dacks vun hiren nationalen Interessen", sot de Jean-Claude Juncker. Déi nächst zwielef Méint wiere kruzial fir e bessert Europa ze schafen.

"Mir bedaueren" den annoncéierten Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU, esou de Jean-Claude Juncker. Duerch de Brexit wier d’Europäesch Unioun an hirem Bestand net a Gefor. De Lëtzebuerger huet gefuerdert, datt Groussbritannien seng Demande fir een EU-Austrëtt areecht, fir Onsécherheeten z’evitéieren a fir déi zukünfteg Relatiounen nei kënnen ze zortéieren. Mä et kéint kee Bannemaart "à la carte ginn".

Un d'Memberstaaten huet de fréiere Lëtzebuerger Premier en Appel gemaach, de Klimaaccord vu Paräis vun Enn 2015 séier ze ratifizéieren. All Retard géif d'Europäesch Unioun bei hire Partner lächerlech maachen. China an d'USA hunn den Accord viru Kuerzem ratifizéiert.

"Méi Investitiounen néideg"

Europa wier net sozial genuch an dat misst änneren. Europa dierft net de Kontinent vum Jugendchômage ginn.

Et misst nees méi investéiert ginn. De Jean-Claude Juncker huet virgeschloen, datt den europäesche Fong fir strategesch Investitioune bis 2022 verlängert an op 630 Milliarden Euro verduebelt gëtt. Nei Aarbechtsplaze sollen och duerch eng besser Connectivitéit am Telekom-Beräich geschaf ginn. D'EU-Kommissioun géif sech wënschen, datt de mobile Breedband-Réseau 5G bis 2025 an der ganzer EU accessibel ass.

Eng nei Léisung am Sträit iwwer d'Ophuele vu Flüchtlingen huet de Jean-Claude Juncker net genannt. Hien huet d'slovakesch EU-Presidence opgeruff sou séier wéi méiglech Brécken ze bauen tëscht deene Länner, déi an där Fro Divergenzen hunn.

Den EU-Kommissiounspresident huet e "Solidaritéits-Corps" fir fräiwëlleg Jonker proposéiert. Et wier säin Zil, datt bis 2020 100.000 Jonker an deem Corps wiere fir bei humanitäre Krisen ze hëllefen. Donieft huet hien e besseren EU-Grenzschutz proposéiert. Hien huet een Appel lancéiert fir eng europäesch Strategie fir de Konflikt a Syrien op een Enn ze bréngen.

"D'EU-Memberstaate mussen alleguer méi Responsabilitéit iwwerhuelen, soss iwwerlieft eise Projet net", esou de Jean-Claude Juncker.

De Jean-Claude Juncker virum Parlament (Foto: EC / Christian CREUTZ)

Wat sot de Jean-Claude Juncker konkret? Lauschtert d'Zesummefaassung aus dem Mëttespanorama:

Ried zur Lag vun der Europäescher Unioun (3:32)play_arrow


Grouss Erausfuerderungen

D'Grondsatzried virun den Europadeputéierten ass d'Geleeënheet fir den EU-Kommissiounspresident fir e Bilan ze zéien an d'Prioritéite fir déi nächst 12 Méint ze nennen.

D'Erausfuerderunge sinn de Moment grouss:

  • Datt mat Groussbritannien ee wichtege Memberstaat d'Unioun verloosse wëll, huet der EU e grousse Coup ginn.
  • D'Europäesch Economie huet sech zënter der Kris vun 2008 net wierklech erholl an d'Staatsverschëldung vu ville Memberlänner bleift grouss.
  • No terroristeschen Attentater op europäeschem Buedem sicht d'EU no Léisungen.
  • Vill Flüchtlinge wëllen an d'EU mä d'Memberlänner gi sech net eens, wéi si domat emgoe sollen.