Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dent May - I Could Use A Miracle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéivill (On)gerechtegkeet verdréit dëst Land?

Panama Papers

Wéivill (On)gerechtegkeet verdréit dëst Land?

No de LuxLeaks virun annerhallwem Joer ass et elo un de Panama Papers: d'Süddeutsche Zeitung krut 11,5 Milliounen Dokumenter iwwer Bréifkëschtefirmaen a Panama an an anere Steieroasen zougespillt. D'Recherchë vun der SZ, mat der Hëllef vum Internationale Journalistekonsortium ICIJ sinn net esou banal, wéi Verschiddener et wëlle gleewen dinn.

auto_stories

6 min

D’Kritiker hätte keng Ahnung vu Finanzgeschäfter a géife falsch Conklusiounen zéien, esou d'Reaktioun vu Mossack Fonseca. D'Affekotenétude, déi am Mëttelpunkt vun de Panama Papers steet, well et hir Dokumenter sinn, déi der Press zougespillt goufen, probéiert domat op e Gefill opzebauen, dat bestëmmt vill Leit no den éischte Revelatiounen haten: an zwar, datt jo awer scho laang gewosst ass, datt Panama eng Steieroase ass, an datt et do, wéi op villen anere Plaze ganz vill Bréifkëschtegesellschafte ginn.

All déi, déi dat nom Leak duechten, louchen natierlech net falsch. Mä wann d'Panama Papers just reveléiert hätten, datt et vill international Geschäfter mat Offshore-Gesellschafte ginn, wier et net méi wéi e Stuerm am Waasserglas. Mä dat ass et net: d'Panama Papers gi vill méi wäit, well déi vill Dokumenter, déi nach ëmmer net all opgeschafft sinn, ginn eis Informatiounen, déi mer bis elo net haten an net konnten hunn.

Den Zweck vu Bréifkëschtefirmaen

Bréifkëschtegesellschafte liewe vun der Intransparenz: Et si schwaarz Këschten, hannert deene vill stécht a mat deene vill geschitt, ouni datt d'Bierger a souguer d'Justiz gewuer ginn, wat. Just d'Banken, d'Proprietairë vun de Firmen an hir Affekoten haten an hunn en Accès zu deenen Informatiounen, a genee dat ass och den Interêt dovun: Aktivitéite verstoppen, déi een aus wéi enge Grënn och ëmmer net oppe leeë wëll. Déi Intransparenz huet näischt méi mat Steieroptimiséierung ze dinn. 

E puer Beispiller: e russesche Museker, deen als gudde Selbstdarsteller vu sech seet, hie wier kee Geschäftsmann, vun deem mer awer haut wëssen, datt e Parten a wichtege russesche Firmen huet. Mir hunn en islännesche Premier (hien huet an Tëschenzäit missen demissionéieren), deen net nëmmen iwwert seng Fra eng Offshore-Gesellschaft huet, mä dee senge Landsleit och verstoppt huet, datt déi Firma Participatioune vun e puer Milliounen Euro an den islännesche Banken hat, déi an der Finanzkris a Schwieregkeete gerode sinn.

Mir hunn och e Jürgen Mossack, dee behaapt, d'Kritiker hätte keng Ahnung vu Finanzgeschäfter, deen awer a geleakten Emailen ze verstoe gëtt, datt hie genee weess, datt hie Bréifkëschtefirme géréiert fir en Drogeboss, par rapport zu deem de Pablo Escobar just e Baby gewiescht wier. 

Eréischt duerch d'Panama Papers sinn déi reell economesch Beneficiaire vun deene Firme bekannt ginn, an duerch déi vill Emailen, déi der Press och zougespillt goufen, ka kloer retracéiert ginn, datt d'Acteuren zum Deel genee wossten, datt hir Geschäfter illegal wieren. Se hunn ebe gemengt, se géifen dat Geheimnis mat an d'Graf huelen, wat duerch en enorme Leak net gelongen ass. Domat sinn d'Panama Papers den Ufank vu Gerechtegkeet.

An zu Lëtzebuerg?

Allerdéngs sollt een net mengen, Lëtzebuerg hätt näischt domat ze dinn. Och hei am Land ginn et zéchdausende Bréifkëschtefirmen, déi zwar zu méi Transparenz gezwonge ginn, domat awer nach net op der sécherer Säit ukomm sinn. Dobäi kënnt, datt och Weeër vun hei op Panama féieren. A sou spiert een dëser Deeg ganz kloer, datt plazeweis och hei am Land geziddert a gefaart gëtt, datt an de Mossack Fonsecka-Files nach Geheimnisser stinn, déi besonnesch d'Lëtzebuerger interesséiere kéinten.

Mol kucken, ob dann nach ëmmer gemengt gëtt, et wier jo schonn alles gewosst gewiescht. Kee Geheimnis ass par conter, datt och Länner wéi Lëtzebuerg jorelaang gutt gelieft hu vu sou Systemer. Dofir kënne mer hei am Land Steiere reduzéieren, dofir kënne mer all zwee Joer den entleeënste Feldwee nei goudronéieren, dofir kënne mer héich Pensioune bezuelen. Amplaz déi ëffentlech Debatt wéinst engem schlechte Gewëssen z'evitéieren, wier et gutt, wa mol géif aktiv iwwert e méi nohaltege Wirtschaftsmodell diskutéiert ginn.