Radioen

On air

Notturno  |  Kendrick Scott Oracle - Cycling Through Reality

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wiem gehéiert de Campus Belval?

Uni Lëtzebuerg

Wiem gehéiert de Campus Belval?

Um Campus Belval fehle Plazen, wou ee richtegt Uni-Liewen kéint entstoen. Där Meenung sinn eng Rei Studenten a Professeren vun der uni.lu. D'Initiativ "Beval est à nous" wëll dat änneren. Och d'Uni-Leedung an de Fonds Belval ware beim éischten Treffen präsent.

auto_stories

5 min

September 2015: Éischt Rentrée um Campus Belval.

Eng vun den Initiateurinnen vun "Belval est à nous" ass d'Zara Anwarzai. D'Amerikanerin enseignéiert op der Uni Englesch Literatur a fuerscht iwwer Pädagogik. Zesumme mat hire Studenten huet si eng Etude iwwer de Funktionnement vun deem neien Uni-Campus gemaach. Mat der Conclusioun: Fir de Fonds Belval sinn d'Interesse vu privaten Acteuren méi wichteg, ewéi déi vu Studenten a Professeren.

Hir Etude hunn d'Studenten zesumme mam Zara Anwarzai am Februar zu Kopenhagen bei der Internationaler Akademiekonferenz presentéiert, wou et ëm akademesch Espacë goung. De Slogan vum Fonds Belval "Make it Yours" wier problematesch, ebe well d'Studenten Pariaen op hirem eegene Campus wieren. D'Zara Awarzai erzielt, dass hir Studenten beandrockt waren, vum Studenteliewen um Uni-Campus zu Kopenhagen.

Keng Kultur, keng Identitéit

Dass eng Uni als ëffentleche Raum de Studenten an dem Uni-Personal d'Méiglechkeet sech mat hirer Institutioun z'identifizéieren a sech am Kader vum Uni-Liewen z'engagéieren, wier immens wichteg, fënnt d'Zara Anwarzai. Dat géif op der Uni Lëtzebuerg bis ewell nach komplett fehlen.

Nëmme wéineg Studenten wunnen um Belval selwer. "No de Couren ass de Campus quasi eidel", sou d'Zara Anwarzai. Och tëscht Couren géife vill Studenten Heem goen. Dacks géif een héieren, dass d'Offer vum Akafszentrum Belval Plaza limitéiert an ze deier fir Studenten ass. Fir dierft och guer net sou sinn, dass d'Studenten sech iwwerhaapt baussent den Uni-Gebaier missten ophalen.

De Problem wier awer an éischter Linn, dass d'Studenten sech den Espace bannent der Uni net kéinten appropriéieren. D'Raimlechkeeten ginn nämlech vum Fonds Belval fir Konferenzen an Eventer verlount, déi näischt mam Uni-Liewen ze dinn hunn.

Vill vun deene méi ale Studenten géifen déi kal Atmosphär um Campus, déi wéineg sozial Kontakter ënner Studenten an déi schlecht Transportméiglechkeeten zu Lëtzebuerg dat mat engem gewëssen Zynismus hin huelen. Grad méi jonk Studenten, géifen sech awer mobiliséieren fir hiert Recht op ee richtegt Uni-Liewen anzefuerderen.

Tensioune mam Fonds Belval

Trotzdem ware just eng 20 Leit dës Woch dem Opruff vun "Belval est à nous" suivéiert, fir sech iwwer d'Situatioun um Campus auszetauschen. Dass sou wéineg Studenten do waren, wier symptomatesch, mengt d'Zara Anwarzai. No de Couren wier ebe kaum nach een op der Uni. Grouss war den Interessi par konter bei de Responsabelen vun der Uni grad ewéi vum Fonds Belval, deen de Site geréiert a kommerziell exploitéiert.

"Et huet jidderengem d'Aen opgemaach, ze gesinn, dass et net just Tensioune tëscht de
Studenten an dem Fonds Belval gëtt, mee och tëscht der Uni an dem Fong." An der Diskussioun hätt ee Student et esou op de Punkt bruecht: "De Fonds Belval ass eng abstrakt Entitéit, déi iwwert eis alleguer hänkt. Mir wëssen net firwat, mir kenne si net, a si eis och net. A vläit kann een een Dialog ufänken, wou si sech vun de Studente selwer kënnen unhéieren, wat hir Besoine a Problemer um Campus sinn."

Wéi geet et elo weider?

Op hirem Facebook-Site huet d'Initiativ een Dokument mat éischte Conclusiounen vum Treffe publizéiert. Kuerzfristeg ass geplangt fir mam Fonds Belval no Openthaltsméiglechkeeten ze sichen, déi d'Studente sech kéinte wierklech appropriéieren, sou d'Zara Anwarzai. Laangfristeg misst derfir gesuergt ginn, dass den Uni-Campus prioritär am Déngscht vun de Studenten, de Fuerscher an den Enseignanten steet - soss kéint um Belval ni eng richteg Uni-Kultur entstoen, sou d'Zara Anwarzai.

Den Interview vum Pia Oppel mam Zara Anwarzai (op Englesch):