Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wie profitéiert vu "Stock Options"?

Steierreform

Wie profitéiert vu "Stock Options"?

D'Steierverwaltung fuerdert zënter dem 1. Januar méi Informatioune vun de Betriber iwwer déi sougenannte "Stock Options". Fir Salairen, déi a Form vun enger Optioun op Aktien ausbezuelt ginn, gëlle steierlech Avantagen. Am Kontext vun der geplangter Steierreform steet domadder d'Fro am Raum, wéi gerecht dat Instrument ass a wéi een Zweck et soll erfëllen.

Pia Oppel

auto_stories

5 min

©Sira Anamwong/Bigstock

D'Betriber hunn d'Méiglechkeet hirem Personal bis zur Halschent vum Salaire a Form vu sougenannte "Stock Options" ze bezuelen. Also Participatiounen um Kapital vun engem Betrib. De Salarié kritt eng Optioun op dës Aktien, wat ënner anerem bedeit, dass hie se réischt no enger gewësser Zäit nees dierft verkafen - am Idealfall mat enger Plus-Value.

Agefouert gouf dee favorabele Steierregime fir "Stock Options" 2002, iwwer eng Circulaire vun der Steierverwaltung. D'Optioune ginn deemno zwar besteiert wéi een normale Revenu, also nom progressive Steierbarême, et gëtt dofir awer just 17,5 Prozent vun der Valeur vum Wäertpabeier consideréiert.

Wat ass no 2012 geschitt?

Zënter 2012 ass de Regime iwwerdeems net méi op Participatiounen um eegene Betrib limitéiert a ka fir Optiounen op all Zorten Aktië benotzt ginn. Deen Ament déngt d'Instrument an éischter Linn dozou héich Revenuë manner ze besteieren, ëmmerhinn spillt de Lien zum eegene Betrib da keng Roll.

D'Instrument soll genotzt gi fir Mataarbechter um Succès vum eegene Betrib ze bedeelegen a se un de Betrib ze bannen, seet den LSAP-Deputéierte Claude Haagen: "Dat ass och d'Haaptiddi firwat d'"Stock Options" um Niveau vun der Besteierung anescht gekuckt ginn". Hien géif hoffen, datt de Sënn vun deem Instrument nach ëmmer wier, fir et jonken Entreprisë méi einfach ze maache Personal ze rekrutéieren.

Bis elo gëtt et keng offiziell Statistiken, wéi vill d'Betriber op dëst Instrument zréck gräifen. Dat soll sech mat enger neier Circulaire änneren: D'Steierverwaltung fuerdert zënter dem 1. Januar vun alle Betriber méi detailléiert Informatiounen zu hirem Ëmgank mat "Stock Options". Déi gréng Fraktiounschefin Viviane Loschetter begréisst dat ausdrécklech. Och well déi Informatiounen dann der Chamber sollen zur Verfügung gestallt ginn. Hir Partei wier net prinzipiell géint "Stock Options". Mee et kéint een dervun ausgoen, datt dëse Modell zu enger gewësser Ongerechtegkeet, wann net souguer zu Abuse géing féieren. Dass d'Regierung elo eng "Bestandsopnam" mécht, wier ee couragéierte Choix.

Steiergerechtegkeet a Fro gestallt

D'Salariatskammer huet an hirem Avis zum Staatsbudget 2016 ausgerechent, wéi een Avantage duerch "Stock Options" entsteet. Den Directeur Adjoint vun der CSL Sylvain Hoffmann nennt ee fiktiivt Beispill vun zwou Persounen, déi jeeweils ee Revenu vu 50.000 Euro hunn. Déi eng Persoun kritt dës Zomm als normale Salaire. Déi aner Persoun kritt en Undeel vun 18.000 Euro a Form vu "Stock Options" a muss um Enn vum Joer 5.000 Euro manner bezuelen.

Fir d'Salariatskammer gehéiert d'Hannerfroe vun de "Stock Options" dowéinst zur Diskussioun iwwer d'Gerechtegkeet vum Steiersystem. Dat gesäit de Claude Haagen och esou. An awer wëll den LSAP-Deputéierten dësen Dossier getrennt vun der geplangter Steierreform kucken: "Wann do Abuse sinn, da sollen déi zu Enn gesat ginn. Wann d'Steierreform duerch ass, an d'Zuelematerial kënnt réischt dono, da muss dat eben dono gemaach ginn. Eng Steiergerechtegkeet fir jidderee muss garantéiert sinn."

Start-Ups profitéieren net

Am Secteur vun den Informatiounstechnologien a besonnesch bei de klenge Start-Ups gëtt vill op "Stock Options" zréckgegraff. An dat an hirem urspréngleche Sënn, seet den Entrepreneur a President vum ICT-Cluster Xavier Buck. Hei géif een Optioune fir eng Bedeelegung un der eegener Firma als Zousaz zum Salaire ubidden, mam Zil déi extrem mobil Aarbechtskräfte fir ee längeren Zäitraum un d'Entreprise ze bannen.

Am ICT-Secteur géif een awer relativ wéineg op déi steierlech Avantagë fir "Stock Options" zréck gräifen. Den Opwand wär vill ze grouss. Zum Beispill muss ee komplizéiert Rechnunge maachen, fir d'Valeur vun den net op der Bourse cotéierten Aktien ze berechnen. Tëscht 10.000 an 20.000 Euro misst een dofir bei enger Affekote-Boîte oder de grousse Berodungsfirme bezuelen: "Natierlech hunn d'Big Four dat gäer, well si d'Experte sinn. Mee dat ass net deene klenge Firme gehollef."

Et wier och grad bei der Estimatioun vum Wäert vun den Aktien, wou Abuse kéinte geschéien, mengt de Xavier Buck: "Well 'Stock Options' starte bei enger Valeur X den Dag wou ee se kritt. An et ass och op dee Montant, dass se besteiert ginn. Et versicht een d'Valeur vun der Firma erof ze drécken, fir net vill Steiere mussen ze bezuelen."

Méi Transparenz an ee méi strikte reglementaresche Kader wieren also fir den ICT-Secteur kee Problem. Manner administrativen Opwand a kloer Richtlinne fir kleng Firmen, déi vum steierlech avantagéise "Stock Options"-Modell wëlle profitéieren, géife par konter hëllefen, fir dass d'Instrument säin eigentlechen Zweck kéint erfëllen. Wann déi nei Donnéeën, déi d'Steierverwaltung elo sammelt, den Androck confirméieren, dass "Stock Options" de klenge Start-Ups net ze gutt kommen, ass eng Reform néideg, äntwert dorobber den LSAP-Deputéierte Claude Haagen.