Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wier den "Diktator" nëmmen ewech geputscht ginn...

Tierkei

Wier den "Diktator" nëmmen ewech geputscht ginn...

Nom Echec vum Militärputsch, de Wee an d’Diktatur. Dat war, déi dräi lescht Wochen, den Tenor an de "westleche" Medien – och hei am Land. Datt an der Tierkei d’Demokratie gerett ginn ass an eventuell ee Biergerkrich verhënnert, intresséiert déi wéinegst, mengt de Michel Delage an engem Kommentar.

auto_stories

3 min

Michel Delage

"Erdogan scheint von einer bedrohlichen Mischung aus Selbstherrlichkeit und Paranoia besessen", huet de Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort de leschte Weekend gemengt. Am Deutschlandradio-Kultur gouf dëser Deeg en Interview diffuséiert, an deem e massive pro-demokratesche Rassemblement zu Istanbul mat engem "Reichsparteitag" verglach ginn ass. Bis viru kuerzem war de charismateschen tierkesche President nëmmen de "Sultan", elo ass e schonn – fir Eenzeler - zum "Diktator" avancéiert, deen et praktesch an d’Liga vun engem Hitler gepackt huet...

Beispiller, déi representativ si fir d’Aart a Weis, wéi "westlech" Mainstream-Medien d’Tierkei déi dräi lescht Woche behandelt hunn. Hat den demokratesch gewieltenen tierkesche Staatschef vläicht déi schlecht Iddi, ee versichte Militärputsch iwwerlieft ze hunn?

Wat ass de 15. Juli geschitt?

"Ein Militärputsch ist selbstverständlich ein schlimmes Ereignis. Der Rechtsstaat muss Trumpf sein". Sou gëtt de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn an engem Interview mam Tageblatt zitéiert. Ëmmerhin. Op zwou ganzen Zeitungssäite war dat awer och schonn alles, wat dem Recep Tayyip Erdogan iergendwéi zegutt gehale gouf. A wat niewelaanscht drun erënnert, firwat an der Tierkei eigentlech dausende Leit vun hirer Aarbechtsplaz suspendéiert oder verhaft gi sinn.

De 15. Juli sinn an der Tierkei iwwer 200 Zivilisten erschoss ginn, déi sech de Putschiste wollte widdersetzen. D’Parlament zu Ankara gouf bombardéiert. Dee versichte Militärputsch ass vun all de Parteien am Parlament – also och der Oppositioun - condamnéiert ginn. An der Tierkei ass méiglecherweis ee Biergerkrich verhënnert ginn. Westlech Regierungen hu sech fir hir Reaktiounen Zäit geholl. Dat u sech dramatescht Evenement kéint déi gedeelten tierkesch Gesellschaft – et ass ze hoffen – nees zesummeschweessen. An eise Medien ass dat kaum en Thema.

An eise Medie gëtt sech haaptsächlech dru gestéiert, wéi (oder datt?) d’Autoritéite reagéieren. Datt se versichen, déi Responsabel ze verhaften. D’Regierung beschëllegt d’Bewegung vum islamesche Priedeger Fethullah Gülen. (Datt den Erdogan de Coup eventuell selwer kéint inzenéiert hunn, liest een – zum Gléck – nëmmen nach an de "soziale" Medien.) Ween ass dee Gülen iwwerhaapt? Seng Organisatioun huet sech iwwer Joerzéngten zu engem mächtege Staat am Staat entwéckelt - mat hire Polizisten, hire Magistraten, hirem Schoulsystem, hire Medien –, déi eege Leit op Schlësselpositioune placéiert a mat ondemokratesche Mëttel politesch Géigner ecartéiert huet.

Muechtkampf huet déi tierkesch Politik staark beaflosst

An der Tierkei hat sech ee Muechtkampf zougespëtzt, deen elo schéngt zugonschte vun der demokratesch gewielter Regierung ausgaangen ze sinn. An eise gutt informéierten an ëmmer objektive Mainstream-Medie geet ganz vague rieds vun "Oppositionellen" a "Kritiker", déi de Recep Tayyip Erdogan wéilt monddout maachen. Op d’Gülen-Bewegung ugeschwat, sot de Generalsekretär vum Conseil de l’Europe d’lescht Woch, datt ee scho laang iwwert dee Reseau informéiert gewiescht wier. Do misst een elo "botzen".

Wee sech e bësse fir d’Tierkei interesséiert, weess, datt dat déi tierkesch Politik an de leschte Jore ganz staark beaflosst huet. Fir d’Spezialiste vum Erdogan/AKP/Tierkei-Bashing ass dat beschtefalls eng Hypothees, fir anerer d’Produkt vum Erdogan senger Paranoia...

Abusë musse veruerteelt ginn

Wéinst enger ausseruerdentlecher Situatioun ass den Noutstand ausgeruff ginn. Bei all deene Verhaftungen a Suspendéierungen gouf et bestëmmt Abusen, déi ee veruerteelen muss. Ass d’Tierkei dofir um Wee fir an d’Diktatur? Den tierkesche President muss een net gär hunn. E kéint esouguer korrupt sinn. Ass hien dofir en Diktator?

Dat Land ass sécherlech (nach?) keng Musterdemokratie wéi – eiser Meenung no - Lëtzebuerg eng ass. D’Tierkei huet strukturell Problemer, déi och mat der autoritärer Verfassung vun 1982 ze dinn hunn. D’Doudesstrof nees anzeféieren, wéi dat de Moment am Gespréich ass, wier e grousse Feeler. Et wier de Wee fir an d’Europäesch Unioun definitiv zouspären. Fir déijéineg, déi d’EU als e chrëschtleche Veräin ugesinn, huet ee moslemescht Land souwisou näischt dra verluer. Egal wat grad zu Istanbul oder zu Ankara geschitt.

Kommentar Michel Delage Tierkeiplay_arrow