Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Fabiana Palladino - I Can't Dream Anymore

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wirtschaftsofkommen EU-Afrika: De Risiko vum Ongläichgewiicht

Fräihandel

Wirtschaftsofkommen EU-Afrika: De Risiko vum Ongläichgewiicht

Net nëmme CETA an TTIP suerge fir Onmutt: Och d'Wirtschaftspartnerschaftsofkomme mat Afrika stoussen op vill Kritik an der Zivilgesellschaft. De Lëtzebuerger Daachverband vun de Entwécklungshëllef-ONGen hunn dës Woch e Bréif un d'EU-Kommissioun geschéckt fir ze warnen: Dës Ofkommes géifen déi wirtschaftlech Situatioun vun de betraffene Länner nach méi belaaschten. Ee méiglecht Resultat wier, datt d'Migratiounsbeweegungen erop – an net erofginn.

auto_stories

5 min

Hénger fir de Maart. Foto: Bigstock

Schonn zanter Ufanks den 2000er Joren diskutéieren Vetrieder vun der EU-Kommissioun mat de sougenannten AKP-Staaten - also Afrika, Karibik, Pazifik - iwwer nei Handelsaccorden. Et geet dorëm fir Accorden déi schonn bestanen hunn, mat gewësse Regele vun der Welthandelsorganisatioun konform ze maachen. Bis elo haten zum Beispill déi meescht vun de concernéiert Länner illimitéierten Accès op den europäesche Marché - dat ouni mussen eng Géigeleeschtung ze bréngen.

Déi nei Handelsaccorden sollen awer um Prinzip vun der Géigesäitegkeet berouen, erkläert de Jean Feyder. Hien ass fréieren Lëtzebuerger Vertrieder bei der Welthandelorganisatioun zu Genf a Member vum Cercle vun den Entwécklungshëllefs-ONGen. An Zukunft missten also déi afrikanesch Staaten akzeptéieren, datt Produiten aus EU-Länner bei hinne méi fräi missten era gelooss ginn: Kuerz gesot, domat soll d'Liberaliséierung vun den afrikanesche Mäert an Stee gemeesselt ginn, esou dem Jean Feyder seng kritesch Aschätzung.

Dumping aus Europa?

De Jean-Feyder, grad wéi de Cercle vun den Lëtzebuerger Entwécklungshëllefs-ONGen an ähnlech Strukturen am Ausland fäerten, datt – virun allem déi wirtschaftlech schwaach westafrikanesch Länner – duerch Fräihandelsaccorden nach méi geschwächt ginn. Duerch den Ofbau vun Zëll feele Recetten an d'Marchéë wäerten vun europäesche Produkter iwwerschwemmt ginn, esou d'Analyse.

Virgesinn ass tatsächlech, datt déi afrikanesch Länner duerch déi Accorde eppes méi wéi 80 Prozent vun den Zëll op Importer vu Produiten aus der EU sollen ofbauen. A schonn haut wieren déi Importer aus der EU ee Problem, zum Beispill fir den afrikanesche Liewensmëttelmarché, betount de Jean Feyder. Ee Beispill dofir wier de Poulet a Ghana. Fréier hätt de westafrikanesche Staat säi Bedarf duerch d'Produktioun vu Klengbauere - meeschtendeels Fraen - selwer ofgedeckt. Haut awer géife 90 Prozent vum Pouletsfleesch duerch Dumpingimporter aus anere Staaten, wéi Brasilien, d'USA, mee och Europa, geliwwert ginn. An dës Entwécklung, esou de Jean Feyder, wäert duerch déi sougenannte Wirtschaftspartnerschaftsaccorden nach méi schlëmm ginn.

"Aarbechtsplazen an nohaltege Wuesstem"

D'EU-Handelskommissärin Cecilia Malmström ass hirersäits iwwerzeegt, datt d'Accorden wäerten hëllefen, no an no méi Leit vun der Aarmut ze befreien. Och den Entwécklungskommissär Neven Mimica seet, mat esou Ofkommes géif den Agenda vun den nohaltegen Entwécklungsziler erfëllt ginn. D'Accorden géifen Aarbechtsplazen an nohaltege Wuesstem mat sech bréngen, andeems sech de Privatsecteur géif entwéckelen.

Grad dat gleeft de fréieren Entwécklungsminister Charles Goerens net. Hie seet, hie wéilt eng kritesch Analyse vun den Accorden ofwaarden, an där den Imperatif vun den Ziler vun der nohalteger Entwécklung géif gepréift ginn. Soulaang déi Analys net gemaach géif ginn, wëll den DP-Europadeputéierten net fir e Wirtschaftspartnerschaftsofkommes mat de westafrikanesche Länner stëmmen.

Groussen Desequiliber

Anescht gesäit de Charles Goerens den Dossier Südafrika. D'Fräihandelsofkommes mat dem Grupp vun de südafrikanesche Länner Namibia, Botswana, Swasiland, Südafrika a Lesotho ass zanter der leschter Woch a Kraaft. Et ass den éischten um afrikanesche Kontinent. De Charles Goerens huet am Europaparlament fir dësen Accord gestëmmt. Et géif e groussen Ënnerscheed ginn, tëscht de südafrikanesche Staaten an der westafrikanescher Wirtschaftscommaunitéit (ECOWAS). "Dës Gemeinschaft, do hu mir eng Konzentratioun vun aarme Länner, déi a punkto Wirtschaft nach wierklech ënnerentwéckelt sinn." Südafrika dogéint hätt vill méi dynamesch Ekonomien.

De Charel Goerens schwätzt vun engem Desequiliber a verweist op dem Artikel 24 aus dem Welthandelsaccord GATT (General Agreement on Tariffs and Trade) aus dem Joer 1994, op deen och d'Wirtschaftspartnerschaftsaccorden sech baséieren. Deemools wieren haaptsächlech Wirtschaftsaccorden gemaach ginn, tëscht Länner mat ähnlechem Entwécklungsstand oder Länner, bei deenen d'Differenzen net esou grouss gewiescht wieren. Bei den Ofkommen tëscht der EU an afrikanesche Staate wier dat awer anescht. "Mir hunn et mat engem Ongläichgewiicht vun de Kräfte vun der Produktivitéit, der Rentabilitéit, der Kompetitivitéit ze dinn."

Drock vun der EU

Wéi d'EU-Kommissioun Mëtt des Joers gemierkt huet, datt vill - net nëmmen westafrikanesch - Staaten sech géife schwéier doe fir d'Accorden z'ënnerschreiwen, huet si Drock gemaach. Déi Länner, déi bis den éischten Oktober net géifen ënnerschreiwen, géifen hiren aktuellen Zougang zum europäesche Maart verléieren. Trotzdem wiere sech eng Rei Länner, wann och just e puer, weiderhi géint d'Accorden. Nigeria a Westafrika wier esou e Beispill. De Staat wéilt sech industrialiséieren a géif net mengen, datt de Fräihandelsaccord dobäi nëtzlech wier. Nigeria hätt dem Jean Feyder no dofir net Wëlles, en Accord z'ënnerschreiwen. Mee och Gambia, de Niger oder Mauretanien wieren an deem Fall. Länner wéi Kamerun oder Kenia hunn hirersäits scho laang ënnerschriwwen, dat well si schonn zanter laangem enk Handels-Lienen mat der EU hunn.

De Cercle de coopération huet an engem Bréif un d'EU-Kommissioun elo een Opruff gemaach: D'Europäer solle kucken, wat den Entwécklungsstand vun de Westafrikanesche Staaten wier, "Vun hirer Wirtschaft, vun hirer Produktivitéit an der Landwirtschaft, an der Industrie. A si sollen déi mat eise vergläichen", ënnersträicht de Jean Feyder. Hie mengt, d'EU misst dann zur Konklusioun kommen, datt en enormen Ecart tëscht EU a Westafrika géif bestoen, an datt et net sënnvoll wier fir déi Wirtschaften op ee gemeinsame Maart ze bréngen.

D'Roll vu Lëtzebuerg

Och Lëtzebuerg géif am Kader vun den Accorden eng zentral Roll spillen, betount de Jean Feyder. Besonnesch am Beräich Westafrika. Fënnef vun de privilegéierten Partnerschaftslänner vum Grand-Duché wieren nämlech a Westafrika. "Mir musse gutt oppassen, wa mir do wëlle Kooperatioun bedreiwen. A wa mir dann awer mat där enger Hand ginn, wat mir mat der anerer Hand zwee, dräi Mol erëm ewech huelen." Esou wiere keng reell Fortschrëtter an der Entwécklung ze realiséieren.

De Cercle de coopération warnt iwwerdeems virdrun, datt d'Fräihandelsaccorden grad dat kéinte bewierken, wat d'EU well verhënneren: Nämlech verstäerkte Migratiounsbeweegungen. De Retour vu Migranten an déi afrikanesch Staaten misst verstäerkt ginn, heescht et vu Säiten vum Conseil. Dat wäert och den 20. an 21 Oktober Thema um EU-Sommet zu Bréissel sinn. An de Propose fir Conclusiounen, déi verschidde Medien schonn zougespillt goufen, geet och vun Handelsmuesure riets.