Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Mini Trees - Shapeshifter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wou fléie mir hin?

Table Ronde Aviatioun

Wou fléie mir hin?

Ryanair, Aviapartner a Qatar Airways: Eng gutt Noriicht fir d'Aviatioun oder eng Gefor vu Sozialdumping? Den Adrien Ney, de François Bausch, de Johan Vanneste an den Hubert Hollerich si sech net eens.

auto_stories

6 min

Den Adrien Ney (CEO Luxair​), de Minister François Bausch, de Johan Vanneste (CEO lux-Airport) an den Hubert Hollerich (OGBL)

Vum éischte September un flitt déi iresch Bëllegfluchgesellschaft Ryanair vu Lëtzebuerg aus eemol den Dag op London Stansted, a fënnef Mol pro Woch op Porto. Méiglech nei Destinatiounen, wei beispillsweis Madrid oder Berlin, gi studéiert.

“Ryanair ass eng Gaunerfirma, déi géint Verbraucherschutz-Regelen an Aarbechtsrechter verstéisst”, seet den Hubert Hollerich (OGBL). "Mir kënne keng Mauer ronderëm Lëtzebuerg bauen", betount den Transportminister François Bausch. D’Arrivée vu Ryanair wier inevitabel gewiescht. Weder de Staat, nach d’Bedreiwergesellschaft vum Flughafe lux-Airport hätten dat verhënnere kënnen.

Ryanair: Keng gutt Noriicht

Déi europäesch Aviatioun wier e fräie Maart, och wann hie selwer kee Fan wier vum Ryanair Business Modell, esou de Minister. Fir d’Luxair wier et keng gutt Noriicht, seet de Generaldirekter Adrien Ney. Et wier awer och keen Albdram, bis elo hätt sech d’Luxair mat méi enger aggressiver Präispolitik gutt géint aner Bëllegfluchgesellschafte gewiert. De Johan Vanneste, Generaldirekter vu lux-Airport, begréisst sengersäits déi nei Bëllegfluchgesellschaft.

Den Transportminister rifft d’Konsumenten op, sech z’iwwerleeën, op si iwwerhaapt mat esou enger Bëllegfluchgesellschaft wéilte fléien. Anescht wéi de Gewerkschaftler Hubert Hollerich et undeit, hätten dem Minister no, awer weder de Staat nach lux-Airport e “Fanger gekrëmmt, datt Ryanair op Lëtzebuerg kënnt”.

Aviapartner: Kee Choix, mee eng Obligatioun

Och datt mat Aviapartner en zweeten Handlingagent op Lëtzebuerg kënnt, wier kee Choix, mee eng europäesch Obligatioun gewiescht, an zwar wéinst ëmmer méi héije Passagéier-Zuelen. Aviapartner wier ënner aacht Gesellschaften erausgesicht ginn, well se dee beschte Service géif ubidden, seet de Generaldirekter vu Luxairport. De Minister François Bausch gëtt zou, datt se niewebäi awer och déi bëllegst war. Aviapartner wäert vum Hierscht un, den Handling fir Ryanair maachen.

Op d’Fro op een am “Cahier des charges” fir den zweeten Handlingspartner net och sozial Kritären hätt kënnen integréieren, huet de Minister geäntwert, datt een net an e “Cahier des charges” kéint dra schreiwen, wéi d’Relatioune mat de Gewerkschafte musse sinn. De François Bausch huet awer ënnerstrach, datt een dofir gesuergt hätt, datt am Handlingsberäich e flächendeckende Kollektivvertrag ënnerschriwwe gouf. Dat heescht, datt an Zukunft och Aviapartner sech zu Lëtzebuerg un dee Kollektivvertrag dru muss halen.

Luxair: Keng Aaarbechtsplazen am Handling gestrach

Dem Generaldirekter vu lux-Airport no, hätt Aviapartner e gudde Ruff wat d’Qualitéit ugeet. Bis elo war d’Luxair deen eenzegen Déngschtleeschter am Handlingsberäich. Den OGBL-Zentralsekretär Hubert Hollerich vergläicht d’Sozialpolitik vun Aviapartner mat där vu Ryanair.

Luxair konnten all 300 Aarbechtsplazen am Passagéier-Handling halen, ënnersträicht den Adrien Ney. Dem Luxair-Generaldirekter no, hätt d’Luxair 95 Prozent vu senge Clienten am Passagéier-Handling kënnen halen.

Dem Generaldirekter vu lux-Airport no, hätten iwwregens déi meescht Fluchgesellschaften um Findel sinn, en Ënnerstëtzungsbréif geschriwwen, fir datt Aviapartner den Zouschlag als 2. Handlingsagent kritt.

Qatar Airways: de Cargolux-Konkurrent behält seng Fluchrechter

De haidege Cargolux-Konkurrent Qatar Airways plangt, fir säi regionale Stëtzpunkt vum Fluchhafen Léck op Lëtzebuerg ze verleeën an envisagéiert iwwer 20 Volen d’Woch vum Findel aus. Dofir ka Qatar Airways op Fluchrechter zréckgräifen déi déi qataresch d’Fluchgesellschaft krut, wéi se Cargolux-Actionnaire (2011-2013) gouf.

“Dir kënnt net engem eppes ginn, an dann den Dag drop ewech huelen. Et kann een net egal wat maachen”, seet den Transportminister op d’Fro firwat Qatar Airways déi Fluchrechter net ewech geholl krut. Wa Lëtzebuerg iwwert Fluchrechter d’Cargolux wëllt protegéieren, da géing een dem François Bausch no engersäits Problemer bei der EU-Kommissioun kréie wéinst Protektionismus. Anerersäits géing och d’Cargolux an anere Länner op Widderstand stoussen, wann de Staat fir Cargolux-Fluchrechter verhandelt. Et wär een net méi kredibel.

Keng subventionéiert Fluchhäfe méi

Enger EU-Direktive no, dierfen d’EU-Staaten Fluchhäfen net méi subventionéieren. Wann d'Fluchpist um Findel renovéiert gëtt, da kann de Staat aktuell nach 50 Prozent bäistéieren, fir lux-Airport géing dat awer ëmmer nach e Käschtepunkt vu 50 Millioune bedeiten, ënnersträicht de François Bausch.

De Staat géing versiche säi Part als Nato-Contributioun ugerechent ze kréien. Dat wär awer nach net accordéiert, esou de François Bausch. D’EU-Transportminister hunn der EU-Kommissioun e Mandat ginn, fir de Sozialdumping vun den Net-EU-Compagnien, déi an der EU operéieren, anzeschränken.

De Findel an Zuelen

24.000 indirekt Aarbechtsplazen, 6.000 direkt Aarbechtsplazen: Fënnef Prozent vum PIB vu Lëtzebuerg hänken um Fluchhafe Findel. D’Passagéierzuel ass an zéng Joer ëm bal 20% geklommen. 2015 huet de Findel 2,7 Millioune Passagéier empfang. Den Terminal B soll 2017 opgoen, da kéint d’Capacitéit op véier Millioune Passagéier an d’Luucht goen, mat Aussicht op eng iewescht Grenz vun zéng Millioune Passagéier d’Joer.

Eng hallef Dosen nei Fluch-Compagnië si bannent engem Joer op de Findel komm, esou och Bëllegfluchgesellschaften mat der gréisster europäescher Low-cost-Airline an Europa: Ryanair.