Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zefridde mam Claude Meisch

Educatioun

Zefridde mam Claude Meisch

"Ech sti loyal zu deem, wat den Educatiounsminister mécht", seet de Claude Adam. De bildungspolitesche Spriecher vun der grénger Fraktioun begréisst, datt d'Educatiounspolitik net méi esou vill vun den Enseignantsgewerkschafte gedroe gëtt.

auto_stories

3 min

De Claude Adam ass zefridde mat der Educatiounspolitik

De Claude Adam seet sech zefridde mat der Educatiounspolitik vum Claude Meisch. Den DP-Minister wier vill méi strukturéiert a systematesch un d'Schoulreform erugaangen, wéi seng Virgängerin. "De Geescht an deem d'Schoul 2009 reforméiert ginn ass, huet sech awer net geännert," sou de Claude Adam am Interview mam Christiane Kleer. Et hätt een d'Iddie vun den zwou Legislaturperiode virdru weider entwéckelt.

En Equiliber

Den Educatiounsminister hätt et fäerdeg bruecht, d'Eenheetsfront vun den Enseignantsgewerkschaften auserneen ze dreiwen, fënnt den educatiounspolitesche Spriecher vun der grénger Fraktioun. Dat wier gutt, well déi Gewerkschaften hätte laang ze vill Afloss op d'Educatiounspolitik gehat. Elo wier e gudden Equiliber do. D'Gewerkschafte sollen dem Claude Adam no iwwer d'Aarbechtskonditioune matschwätzen. "Mee wa mir iwwer Reforme schwätzen, mussen nach aner Kräfte matschwätzen", zum Beispill d'Direktiounen, d'Inspektorat, d'Elteren oder d'politesch Parteien.

Lycéesreform

Viru kuerzem huet de Claude Meisch d'Lycéesreform an der Chamberkommissioun presentéiert. Zwou kloer Linne sinn z'erkennen: Schoule solle méi Autonomie a Schüler méi Flexibilitéit kréien.

"Dat geet an déi richteg Richtung", fënnt de Claude Adam. Hie mengt, datt iwwer d'Autonomie vun de Schoulen an Zukunft nach vill wäert diskutéiert ginn. D'Gefor wier do, datt et tëschent de Schoulen zu enger ongesonder Konkurrenzsituatioun kéint kommen. Fir dat ze verhënneren, hätt de Claude Meisch eng Rei Iddie virgestallt: Zum Beispill soll de "Service de Coordination de la Recherche et de l'Innovation pédagogiques et technologiques", kuerz SCRIPT, reforméiert ginn an een Observatoire ageriicht ginn.

Wat d'Flexibilitéit fir d'Schüler betrëfft, wënscht sech de Claude Adam, datt déi sech op de Cercle supérieur limitéiert. Hie begréisst déi ugekënnegt Diversifikatioun a fënnt et gutt, datt d'Sektioune bäibehale ginn. "D'Sektioune si wéi e Mammenhaus an doriwwer kann e Schüler seng Stäerkte fërderen a seng Schwächen ausbiggelen", erkläert de grénge Politiker.

Vun der Oppositioun an d'Majoritéit

Den educatiounspolitesche Spriecher vun der grénger Fraktioun huet vill Luef fir de Claude Meisch. Et wier logesch, datt hien als Member vun enger Majoritéitspartei seng Kritiken net méi sou haart formuléiere géif, wéi vun der Oppositiounsbänk aus. "Mir sinn eng Majoritéit, mir sinn dräi Parteien, d'Schoulreform muss vun deenen dräi Parteie gedroe ginn."

De grénge Politiker betount, hie géif weiderhi Kritik ubréngen, mee anescht. "Et ass eng Beräicherung fir kënne mat menge Kommentarer bei de Minister ze goen an ze soe woumat ech Problemer hunn". Dem Claude Adam gefält zum Beispill de Slogan vun der Lycéesreform "Ënnerschiddlech Schoulen fir ënnerschiddlech Schüler" net. Dat wier net dat, wat hien sech géif ënner Inclusioun virstellen. Den Titel géif sech awer relativéieren, wann een den Text vun der Reform géif liesen.

"Mir bleiwe kritesch"

De Claude Adam ass net nëmmen educatiounspoliteschen, mee och aussepolitesche Spriecher vun der grénger Fraktioun. Hie steet de Fräihandelsaccorden TTIP a CETA kritesch géintiwwer. D'Handelsofkommes mat Kanada géif hien awer net komplett ofleenen. Dat wier net realistesch. "Aus dem Bauch eraus: CETA kënnt op eis zou."

Beim Ofkomme mat den USA geséich dat Anescht aus. Do wieren d'Divergenze vill méi grouss. "Beim TTIP sinn d'Inhalter net akzeptabel", esou de Claude Adam.