Radioen

On air

Tockcity  |  Ezra Collective, Joy Anonymous & Sampa The Great - JOY (Life Goes On)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Zimlech progressiv national Drogepolitik”

Drogepolitik

“Zimlech progressiv national Drogepolitik”

Hei am Land ginn et ronn zweedausend problematesch Drogekonsumenten. Eng Zuel déi an de leschten 10 Joer zeréckgaangen ass. 2016 soll een Heroinprogramm ulafen. Schwéier ofhängeg Drogekonsumente kréien dann 2 bis 3 Mol den Dag am Siège vun der Jugend an Drogenhëllef puren Heroin ausgedeelt.

auto_stories

2 min

Alain Origer, Drogebeoptragte vum Gesondheetsministère

Déi lëtzebuerger Drogepolitik ass zimlech progressiv, mengt de nationalen Drogebeoptrage vum Gesondheetsministär, Alain Origer. Zu Lëtzebuerg ass den Drogekonsum entkriminaliséiert ginn an Drogenofhängeger kréie propper Sprëtzen. D’Fixerstuff an der Stad huet an de leschten 10 Joer vill Liewe gerett an huet och positiv Auswierkungen op d'Gesondheet. Eng zweet Fixerstuff kënnt geschwënn nach op Esch.

Zenter 2 Joer collaboréieren déi zoustänneg lëtzebuerger Servicer iwwregens mat de franséischen Autoritéiten fir och an enger Rei franséische Stied “Fixerstuffen” an d’Liewen ze ruffen.

Drogekonsum zu Lëtzebuerg

Hei am Land ginn et ronn 2 dausend problematesch Drogekonsumenten. Eng Zuel déi an de leschten 10 Joer zeréckgaangen ass. Zum Deel och well ëmmer méi Betraffener mam Drogekonsum al ginn. Sougenannten UDP "usagers de drogue problématiques" consomméieren haut alles wat um Drogemarché ass, sinn also sougenannte Polykonsumenten.

Drogepolitik

Den A an den O vun enger Drogepolitik ass Clivagen tëschent Preventioun, Risikoreduktioun a Repressioun ofzebauen, esou den Alain Origer. Lëtzebuerg huet eng “Suchtstrategie”, an déi sech eng Rei Aktiounspläng géint de Konsum och vun Alkohol oder Zigaretten aglidderen. Mais déi sech och mat der Spillsucht befaasst. Ronn 20 Milliounen Euro ëffentlech Ausgaben ginn iwwregens an d’Preventioun an d’Repressioun vun den Drogen zu Lëtzebuerg.