Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Spidolssecteur steet viru Verännerungen

Spidolsgesetz

De Spidolssecteur steet viru Verännerungen

Ufank Januar huet de Regierungsrot den Avant-Projet de loi iwwer d'Spideeler an déi sougenannte "planification hospitalière" ugeholl – een Text iwwer deen elo am Spidolssecteur intensiv diskutéiert gëtt. Haaptgrond fir déi geplangten Ännerungen am Secteur ass de neie Spidolsplang, deen elo an d'Spidolsgesetz mat afléisst. D'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch sot datt "systemesch Verbesserungen" kommen.

Christiane Kleer

auto_stories

6 min

Mam neie Spidolsgesetz soll de sougenannte "virage ambulatoire" weidergedriwwe ginn

Basis vun de geplangten Ännerungen ass eng nei sougenannte Carte sanitaire: eng Bestandsopnam also, vun deem wat de Spidolssecteur ausmécht. Sou eng Carte sanitaire ass fir d'lescht 2012 ausgeschafft ginn. Deen Deel vun där Etude, deen ëffentlech ass, huet eng 500 Säiten. Déi nei Carte sanitaire ass, grad wéi déi virdrun, vum Luxembourg Institute of Health, dem fréiere CRP-Santé ausgeschafft ginn – an ass nach net public. Eng Rei Zuele sinn awer an de Projet vum Spidolsgesetz agefloss. Betten- an Dokterszuel, Grënn fir Hospitalisatiounen, Relevé vun de Equipementer ginn doran ënner anerem opgezielt. 

D'Anne-Charlotte Thomas, déi dofir um LIH responsabel ass, schwätzt vun enger Photographie vum Spidolssecteur. An déi Photographie misst a kéint hirer Meenung no awer méi präzis sinn. Déi Donnéeën déi dem LIH nämlech e Moment zur Verfügung stinn, baséieren op de Facturatiounen, déi an de Spideeler gemaach ginn. "Mir hunn nach keng Donnéeën déi codéiert sinn an iwwer eng gemeinsam Method gesammelt ginn, dat kënnt awer mam Projet vun der Documentation hospitalière, déi ganz wichteg ass fir d'Qualitéit vun den Donnéeën ze verbesseren", sou d'Anne-Charlotte Thomas. 

Méi Informatiounen iwwer Qualitéit vun de Prestatiounen

D'Documentation hospitalière ass am Lëtzebuerger Spidolswiese kee neit Thema, bis elo ass ee bei deem Thema awer net op e gemeinsamen Nenner komm. D'Konzept ass awer ee vun den zentrale Punkte vum neie Spidolsgesetz. Datt Lëtzebuerg enger harmoniséierter Kodifizéierung vun den Akte méi nokommen, fannen d'Spideeler gutt. "D'Documentation hospitalière gëtt et iwwerall op der Welt, ech gesinn also net an, firwat Lëtzebuerg do sollt eng Ausnahm sinn", seet d'Dokter Catherine Boisanté, medizinesch Direktesch vum CHL. Si erwaart sech vun enger neier Method besser Informatiounen iwwer d'Zuel an awer och d'Qualitéit vun de Prestatiounen, déi am Spidol gemaach ginn, ze kréien. 

Den Dokter Paul Wirtgen, Direkter vun de Robert-Schuman-Spideeler, gesäit dat och esou. Hie seet, am Virfeld hätten et Diskussioune ginn, iwwer d'Zort vu Klassifikatioun vun de Patienten déi soll applizéiert ginn. A ville Länner hänkt d'Bezuele vun den Dokteren dovun of. "Déi Diskussiounen hu blockéiert, mee déi schéngen sech elo awer ze klären, sou datt mer hoffe wierklech séier kënne weiderzekommen", sou den Dokter Paul Wirtgen. 

E méi strukturéierten Spidolssecteur

Am Regierungsprogramm ass virgesinn, datt déi global Budgetsenveloppe fir d'Spideeler ersat gëtt duerch eng sougenannten "Tarification à l'activité". An dofir gëtt eng zolitt Dokumentatioun gebraucht. Nach wier et awer ze fréi fir virauszesoen, wat dës Ännerung fir Konsequenze kéint hunn, seet den Dokter Paul Wirtgen. "Mir sinn eis eens doriwwer datt dat ee Wee ass, deen Zäit brauch. Déi Dokumentatioun muss fir d'éischt mol stoen an evaluéiert ginn. Wann een dann Diagnosen an Therapien iwwer dee Wee zesummenzeféiert, da ginn DRGen (Diagnosis Related Groups) creéiert, also Gruppe vu Patienten, un déi da pro Grupp eng Tarifikatioun drun hänke kënnt". 

Aner grouss Ännerung duerch dat geplangte Gesetz betrëfft d'Struktur vum Spidolssecteur. Et geet drëm net alles iwwerall unzebidden, a gläichzäiteg solle keng Bastiounen entsoen, sot d'Ministesch am Januar an de Chamber. Virgesinn ass, datt all Spidol eng Rei Basisservicer muss ubidden. Doriwwer eraus sollen awer 16 "services nationaux" kreéiert ginn, dorënner zum Beispill d'Aemedizin oder d'Infektiounskrankheeten. Dora kann dann all Kéier just ee Spidol sech spezialiséieren.

Léiwer "fir eng gesond Konkurrenz suergen"

Kompetenzen vun e puer Spideeler sollen a néng sougenannte Kompetenzzentre gebündelt ginn. Spideeler si frou fir méi Struktur ze kréien, mee et awer och Kritik. Den Dokter Paul Wirtgen warnt viru "Monopoler". "Et ass vläit eng schéin Iddi fir Saachen op enger Plaz ze konzentréieren, fir sou méi staark ze sinn. Mee dat heescht awer och, datt d'Patienten aus dem ganze Land op eng Plaz musse rennen. Mäi Gefill wier éischter, fir eng gesond Konkurrenz ze suergen, an där een ënner Spideeler zesummeschafft, sech austauscht an sech och Challenge setzt". 

D'Dokter Boisanté vum CHL fënnt och d'Iddi gutt "net alles iwwerall unzebidden". Mee si fäert, datt sech ze vill virgeholl gouf. "Datt elo Spezialisatiounen definéiert ginn, datt Critère beschriwwe ginn wéi een sou ee spezialiséierte Service kann ubidden, an datt Spideeler no Pôlen strukturéiert ginn, a scho mol e ganz wichtege Schrëtt. Ech gesinn awer just, datt amplaz doriwwer virun allem iwwer Kompetenzzentre geschwat gëtt, vun deenen ee mol nach net weess wat se wäerte bréngen".

"Patiente net frou, fir ze laang am Spidol ze sinn"

Eng maximal Zuel vun 2.667 Better gesäit dat neit Gesetz vir, dorënner 2093 Akutbetter. Dat sinn der ronn 200 manner wéi am läschte Plan hospitalier vun 2009. Grond dofir ass datt der Carte sanitaire no, d'Dauer vun engem Openthalt am Spidol tendenziell erof geet. Dat sot d'Ministesch als Äntwert op parlamentaresch Fro. De Projet gesäit dann och vir, de sougenannte virage ambulatoire weider ze verstäerken. D'Spideeler sinn awer och do net ganz iwwerzeegt.

"D'Patiente si net frou, fir Deeg an Deeg am Spidol ze sinn", stellt den Dr Paul Wirtgen fest. Emgedréint dierft een de virage ambulatoire awer net als Schlagwuert gesinn, soss géif de Risiko entstoen, datt de "Patient sech verluer spiert". D'Dr. Boisanté gesäit Limite vum ambulanten Traitement bei eelere Leit, déi eng Polimorbiditéit opweisen, an also eng Rei vu Pathologien op eng Kéier. "D'Chirurgie kann do ambulant gemaach ginn, de Patient kann awer net ambulant opgeholl ginn.  A vu datt d'Bevëlkerung méi al gëtt, soll een net dovun ausgoen, datt mer op de Wee vun enger extremer Ambulatorisatioun kënne goen".