Radioen

On air

Notturno  |  Chaild - Hardcore

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee Kinoe vum Grupp Caramba sinn zou

Kinoslandschaft

Zwee Kinoe vum Grupp Caramba sinn zou

De Kinosbedreiwer Caramba Sàrl huet schonn zënter Längerem kee Loyer méi fir de Kinosch an den Ariston zu Esch bezuelt. Den Ariston kéint deemnächst de Propritaire wiesselen.

Maxi Pesch / po

auto_stories

2 min

(©Andy Maar)

De Ciné Artiston kéint demnächst de Besëtzer wiesselen. D'Gemeng Esch ass interesséiert de Kino opzekafen, esou de Jean Tonnar, Kultur-Schäffen an der Gemeng Esch. De Kinosbedreiwer Caramba Sàrl huet eisen Informatiounen no schonn zënter Längerem kee Loyer méi bezuelt. De Proprietaire vum Gebai am Escher Quartier Brill sinn d'"Oeuvres Paroissiales Esch-Grenz". Dës huet eng Plainte gemaach. De Freiden ass d'Affär viru Geriicht, esou de Responsabelen vun den "Oeuvres". Am Ariston sinn den Ament keng Filmer programméiert.

Am Kinosch, engem weidere Kino vu Caramba, gëtt d'Programmatioun zënter dem éischte Januar nees vun der Kulturfabrik geréiert. Den Ament ginn awer nach keng Filmer gewisen. Och hei hätt Caramba schonn ee Joer kee Loyer bezuelt, esou den Direkter vun der Kufa Serge Basso de March.

Problemer trotz Konventioun mam Ministère

Zum Grupp Caramba gehéieren nach de Ciné Kursaal zu Rëmeleng, de Ciné Wassserhaus zu Munneref an de Ciné Ermesinde zu Miersch. Déi Responsabel vu Caramba wollten näischt iwwer d'Situatioun vun hirem Grupp soen.

Zejoert hat de Kulturministère eng Konventioun mat Caramba ënnerschriwwen. An engem Communiqué huet de Kinosbedreiwer matgedeelt: "Après 15 ans d'exploitation cinématographique dans un contexte souvent hostile, le circuit des cinémas a enfin pu signer une convention avec le Ministère de la Culture et le Centre National de l'Audiovisuel (CNA). Au moment où l'exploitation indépendante des cinémas luxembourgeois est mise en question, cet acte nous permet de maintenir notre engagement pour les cinémas régionaux du Luxembourg. Nous remercions la ministre Maggy Nagel pour son soutien."