Radioen

On air

Tockcity  |  Ride - Peace Sign

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwou Gewerkschaften, zwou Meenungen

Enseignement

Zwou Gewerkschaften, zwou Meenungen

D'Gewerkschafte vun den Enseignanten aus dem Fondamental, SEW/OGBL an SNE/CGFP, si sech net eens iwwer déi aktuell Schoulpolitik. Dat weist sech ënner anerem an hirer Approche vis-à-vis vum zoustännege Ministère.

auto_stories

4 min

Patrick Arendt a Patrick Remakel

De Patrick Arendt, President vum SEW/OGBL seet, den Educatiounsminister Claude Meisch géif den Enseignanten net nolauschteren. Vill Leit um Terrain wieren dowéinst resignéiert, esou de President vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft. "Dat mécht den Enseignante ganz vill Schwieregkeeten. A mir behaapten net iergendeppes, dat ass d'Meenung vu ganz villen Enseignanten", esou de Patrick Arendt.

Den SEW verlaangt dofir ee "richtegen Dialog". Dat géif och implizéieren, "datt Meenunge gelauschtert ginn, déi net dem Educatiounsminister senge Virstellungen entspriechen". Den SEW wërft dem Claude Meisch vir, vun Ufank un Meenungen auszeschléissen, "déi dissident sinn".

SNE: Net mat allem averstaan

Ufanks des Joers huet d'Gewerkschaft SNE/CGFP mam Educatiounsministère een Accord iwwer eng Rei Neierungen am Fondamental ausgehandelt - dat ouni den SEW. De President vum SEW, Patrick Arendt, wërft dem Syndicat National des Enseignants indirekt vir, vu vir eran zevill Konzessiounen un den Educatiounsministère gemaach ze hunn . Nëmmen dowéinst wier deemools iwwerhaapt een Accord zustane komm.

De Patrick Remakel, President vum SNE wiert sech dogéint. Seng Gewerkschaft hätt sech net domat zefridde gi fir just Detailer ze negociéieren. "Mir sinn net dohi gaangen an hu gesot, mir wiere mat allem averstan", esou de Patrick Remakel. Am Géigendeel: Deen Accord wier am Kontext vun engem Spuerpak vun der Regierung entstan. Do wier et zum Beispill, dorëm gaang fir ze verhënneren, datt d'Altersdéchargen ofgeschaaft ginn. "Mir hunn dem Minister gesot, mir wieren nëmme bereet ze negociéieren, wann hie bereet wier, seng Spuermesuren erem zréck an den Tirang ze leeën", betount de Patrick Remakel. Deem hätt de Minister dunn zougestëmmt, an dunn eréischt wier den SNE bereet gewiescht all déi aner Punkte mat him ze diskutéieren.

"Neien Elan mat neiem Minister"

De Patrick Remakel gesäit op Nofro hin een Ënnerscheed an der Relatioun tëscht de Gewerkschaften an dem Educatiounsministère zanter dem Regierungswiessel vun 2013. Mat der fréierer Ministesch Mady Delvaux wier een um Schluss net méi weiderkomm. Dat géif esou wuel fir den SNE gëllen wéi fir den SEW - zum Beispill am Dossier vun den Evaluatiounsbilanen. "Et muss ee soen, datt mat deem neie Minister vläicht een neien Elan erakomm ass. Mir hunn op allefalls d'Impressioun, datt mir am Moment gehéiert ginn um Ministère", esou de Patrick Remakel.

Den SEW well sech sengersäits an de nächste Woche verstäerkt abréngen, fir déi weider Ëmsetzung vun Accord tëscht SNE a Ministère ze kommentéieren. Geplangt sinn ënner anerem d'Schafe vun engem Observatoire de la qualité scolaire, Verbesserungen am Beräich vun der Education différenciée an d'Reform vum Inspektorat. "Et spiert een elo schonn, datt op ville Punkten eng Rei Schwieregkeete kommen, d'Leit sinn op ville Plazen enttäuscht a rosen", sou de Patrick Arendt.

Nei Tëschebilanen: "Déi richteg Richtung"

Och um spezifeschen Dossier vun den neien Tëschebilanen - och een Aspekt vum Accord - sinn d'Gewerkschaften sech net eens. Beim SNE/CGFP ass een der Meenung, datt déi nei Bilanen, déi Mëtt Oktober virgestallt goufen, eng Verbesserung bréngen. "Gänzlech zefridden ass een ni, mee mir musse kucke wou mir hierkommen. D'Bilane vun 2009 waren eng Katastroph, si waren extrem komplizéiert an illisibel",e sou de Patrick Remakel.

Mat den neien, vereinfachte Bilane géif een ee Schrëtt an déi richteg Richtung maachen, zemools well d'Progressioun an d'Performancë vun de Schüler mam neie System méi kloer an einfach kënne bewäert ginn. Am viireschte System wier dacks eréischt am Orientéierungsgespréich um Schluss vum Fondamental kloer ginn, datt de Schüler awer net genuch weiderkomm wier fir zum Beispill an de Secondaire ze kommen. "D'Eltere sinn dann aus alle Wollécke gefall", ënnersträicht de Patrick Remakel.

Den SEW bleift sengersäits bei senger Kritik un der kompetenzbaséierter Evaluatioun. De Patrick Arendt plaidéiert dofir, d'Notten erëm anzeféieren. Déi géifen et erlaben, d'Schüler am präziisten z'evaluéieren. "Dat ass dat wat d'Leit am beschte verstinn." Hie wëll awer net an d'Richtung goe fir vun 0 bis 60 ze evaluéieren. "Fréier hu mir eng Moyenne gerechent, an do ass et virkomm, datt Schüler um Ufank vum Trimester eng Datz kritt hunn well si eppes net verstan haten, Dat mécht wéineg Sënn", mengt de Patrick Arendt