Zwou Persounen, déi allen zwee Komponist, wéi och Dirigent sinn a sech och soss zimmlech gläichen. Mee eppes hunn déi zwee net gemeinsam. De Camille Kerger ass hei zu Lëtzebuerg bliwwen, an den Alexander Mullenbach ass fort op Salzburg gezunn. Huet hie sech vläicht ze vill ageengt gefillt?
Zwou Perséinlechkeeten aus demselwechte Beräich, déi sech schätzen, eppes mateneen ze dinn hunn a Loscht hunn, een iwwer deen aneren ze schwätzen. Zwee Portraiten entstinn esou, op eng originell Aart a Weis gezeechent.