De radio 100,7 Archiv Binôme: Guy Rewenig a Lambert Schlechter

Am Mee 1998 souzen an der Emissioun Binôme dräi Schoulmeeschteren, déi awer och allen dräi Schrëftsteller sinn, virun de Mikroe vum radio 100,7. De Jean Portante, de Guy Rewenig an deem säin Invité, de Lambert Schlechter. Wann esou grouss Leit aus der Lëtzebuerger Kulturzeen beienee sinn, verwonnert dat keen, datt do och mol philosophéiert a mat e puer Klischeeën opgeraumt gëtt. Mee lauschtert selwer mol, wat Musek, déi den Guy Rewenig dem Lambert Schlechter matbruecht huet, alles bewierke kann.

Guy Rewenig-Lambert Schlechter
Fotoen aus dem CNL ; Fotograf Pierre Mathgé fir de Guy Rewenig a Fotograf Paolo Leoni fir de Lambert Schlechter

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen