Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Dessy Mesk - Chops

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erlieft a Verzielt: Ardennenoffensiv

De radio 100,7 Archiv

Erlieft a Verzielt: Ardennenoffensiv

De 16. Dezember 1944 hat d'Ardennenoffensiv, och Rundstedtoffensiv genannt nom Generolfeldmarschall Gerd von Rundstedt, onerwaart um däitsche Westwall tëschent Monschau am Norden an Iechternach am Süden ugefaangen. Eent vun den Ugrëffsziler vun de Preise war den Antwerpener Hafen, dee fir déi Alliéiert wichteg fir de Ravitaillement war.

auto_stories

1 min

"Viele Dorfeinwohner jedoch zogen es vor, in ihren Hauskellern zu bleiben oder verpassten die Evakuation. Sich von Eingemachtem, Äpfeln, Kartoffeln und dergleichen ernährend, harrten sie bis zur endgültigen Befreiung, durch Artilleriebeschuss oft haarscharf am Tod vorbei, mehrere Wochen unter erbärmlichen Bedingungen im Frontgebiet aus."

Op Lëtzebuerger Säit, wou d'Amerikaner zanter September Positioun bezunn haten, ware quasi all d'Uertschaften an de Gebidder ronderëm Stied wéi Iechternach, Dikrech, Klierf, Veianen a Wolz vun der Offensiv betraff. D'Zivilbevëlkerung, déi net méi evakuéiert konnt ginn oder fortlafen, hat sech an d'Kellere vun den Haiser geflücht.

Den Adolphe Betzen vu Furen, de Pierre Eicher vu Maarnech an de Nic. Henrotte vu Wäiswampech kucken am Dezember 2004 60 Joer zeréck a verzielen hir Erliefnesser wärend der Ardennenoffensiv.

Eng Emissioun vum Carlo Link.