De Paul Bervard (1927) ass an der Beaumontsgaass bei senger Groussmamm am Radio- a Fotogeschäft Anen grouss ginn, vis-à-vis vun der fréierer Vollekskichen, do wou haut een anert Gebai steet, a wou de Ministère de l'Intérieur seng Büroen huet. Mat sengen Elteren huet hie spéider am Garer Quartier gewunnt. Als Geschäftsmann koum de Paul Bervard an d'Kapuzinergaass zeréck, wou hie wärend 18 Joer eng Schneiderei fir Beruffskleedung hat.
De Paul Bervard erënnert sech u seng Kandheet bei der Groussmamm an am Garer Quartier a verzielt, wéi sech den Eck an der Stad ronderëm d'Beaumontsgaass, eng Stad an der Stad, am Laf vun der Zäit verännert huet. Eng Emissioun vum Carlo Link aus dem Joer 2004.