Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erlieft a Verzielt: François Schaack (1927)

De radio 100,7 Archiv

Erlieft a Verzielt: François Schaack (1927)

Am Februar 2006 hat de Carlo Link de François Schaack als Invité an der Serie Erlieft a Verzielt. Hie war Mathematiksprofesser, LSAP-Politiker, Gemengeconseiller, Schäffen an och Buergermeeschter vun der Stad Esch-Uelzecht. Zesumme mam Carlo Link a François Schaack kucke mir an d'Vergaangenheet, besonnesch op d'Stolkris hei zu Lëtzebuerg Ufank den 80er Joren.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock

De François Schaack (1927), fréiere Mathematiksprofesser, LSAP-Politiker, fréiere Gemengeconseiller, Schäffen a Buergermeeschter (1990-2000) vun der zweetgréisster Stad vum Land, déi 2006 hire Centenaire gefeiert huet, stoung am Februar 2006 am Mëttelpunkt vun Erlieft a Verzielt. Den Invité, dee sech aus der Politik zeréckgezunn huet, kuckt zeréck, schwätzt iwwer säi fréiere Beruff an iwwer de Gemengepolitiker. De François Schaack erënnert sech ë. a. un d'Zäit als Finanzschäffen (1982), wéi Esch besonnesch wärend der Stolkris haart getraff war, well d'Gemengerecettë zeréckgaange waren. Eng Emissioun vum Carlo Link