Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erlieft a Verzielt: Josy Hamer (1925)

De radio 100,7 Archiv

Erlieft a Verzielt: Josy Hamer (1925)

Am Januar 2006 hat de Carlo Link fir seng Serie Erlieft a Verzielt e Gespréich mam Museker an éischte Lëtzebuerger Direkter vum Stater Conservatoire, deen am Joer 2006 100 Joer gefeiert huet. Gutt Geleeënheet fir de Josy Hamer iwwer dëse Stater Conservatoire wéi och iwwer sech ze verzielen.

auto_stories

1 min

Josy Hamer - Fotograf Théo Mey © - copyright Photothèque de la Ville de Luxembourg

An der honnertjäreger Geschicht vum Stater Conservatoire gouf de Josy Hamer (1925), fréieren éischte Geiist an Hautboist am RTL-Orchester, no engem Concours, 1965 éischte Lëtzebuerger Direkter vun dëser Institutioun.

De Josy Hamer, dee seng Studien um Conservatoire Royal de Bruxelles gemaach hat, kuckt zeréck a beliicht d'Reorganisatioun an d'Weiderentwécklung vum Conservatoire tëschent de Jore 65 an 89, wou ënner senger Direktioun, niewent der Kreatioun vu verschiddenen Orchester-Formatiounen a Chéier, de Projet vun engem neie Gebai realiséiert konnt ginn. Eng Emissioun vum Carlo Link