Radioen

On air

Resonanzen  |  Friedrich Burgmüller - Dräi Nocturnen, I. Andantino - Duo Marcanto

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erlieft a Verzielt: Mésy Faber

De radio 100,7 Archiv

Erlieft a Verzielt: Mésy Faber

De Carlo Link war am Mee 2005 fir seng Emissioun Erlieft a Verzielt bei der Mezzosopranistin Marie-Madeleine Bergamini op Besuch. Vläicht ass d'Madame Bergamini deene meeschte besser ënner dem Numm Mésy Faber bekannt. Op der Bün war si doheem, egal ob fir den Theater, als Chansonsängerin oder fir Revuen. Lauschtert dëse flotten Interview vum Carlo Link!

auto_stories

1 min

Foto vum Carlo Link

D'Mezzosopranistin Mésy Faber (1925), mat hirem richtege Numm Marie-Madeleine Bergamini, war joerzéngtelaang ee feste Begrëff am Lëtzebuerger Theatermilieu, an de Revuen a bei der Lëtzebuerger Operettebühn ënner dem Auguste Donnen. Hei waren d'Soubrette-Rollen hir Spezialitéit.

Grousse Succès hat Mésy Faber als Chansonsängerin beim Radio-Circus a Frankräich a koum esou 1958 an den Olympia zu Paräis an der Show Numéro 1 de demain op déi zweet Plaz, wou si niewent der Caterina Valente opgetrueden ass. Si war och wärend zwee Joer am Conservatoire de la Chanson zu Paräis ageschriwwen.

Enregistrementer mam Orchester Jean Roderes a mam Radio-Orchester huet d'Mésy Faber an de 50er a 60er Jore gemaach, ë. a. "d'Joffer Marie-Madeleine", "Wann d'Blieder falen", "Les enfants du dimanche", fir nëmmen dës ze nennen. Si ass och mat de Luxembourg Singers opgetrueden.

Déi talentéiertst Fantasiesängerin Mésy Faber kuckt 2005 zeréck a verzielt dem Carlo Link vun hirer Gesangskarriär, déi si Mëtt de 60er Joren opginn hat.