De radio 100,7 Archiv Erlieft a Verzielt: Norbert Thill (1923)

Pedagog, Museker, Auteur, Kultur-Conferencier an och Fotograf. Dat alles war den Norbert Thill,1923 zu Péiteng gebuer. Hie war am Mee 2004 beim Carlo Link am Interview. Vun him kann ee soen, datt hien d'Welt mat sengem Fotoapparat agefaangen huet. Den Norbert Thill huet dofir am Ausland och vill Unerkennung an héich Auszeechnunge krut. Esou zum Beispill a Rumänien den Titel vum Ambassadeur culturel de roumanie.

Norbert Thill
Norbert Thill - Fotograf Sibenaler Lé © - copyright Photothèque de la Ville de Luxembourg

Den Norbert Thill (1923), bekannt fir seng Fotoreportagen a Saache Kultur a Musek am Luxemburger Wort (vun 1945 un), an der Zeitung Heimat und Mission, wéi och an der Musekszeitung Canticum Novum, war vun 1953 bis 1983 Professer fir Musek a Konschtgeschicht am Stater Kolléisch an am Lycée Robert Schuman zu Lëtzebuerg. Piano- an Uergel-Coursen hat den Norbert Thill beim Maître Albert Leblanc an zu Bréissel um Conservatoire Royal geholl. Bis 1953 war hien Titularorganist op der Stahlhutuergel zu Diddeleng an tëschent 1952 an 1964 Professer fir Piano an der Diddelenger Museksschoul.

Duerch seng vill Studiereesen an Europa, Afrika, Asien an Amerika konnt den Norbert Thill Projektiounskonferenzen zu Lëtzebuerg an an Europa ginn, wou hien op eng Kollektioun vun engen 300.000 faarwegen Diapositiven zeréckgräife konnt. Fir dës Aarbechte krut hien héich Auszeechnungen a Frankräich, Italien a Rumänien. De Prof. Thill war och Auteur vu verschiddene Fotobänn, wéi ë. a. "Amerikanische Kriegsdenkmäler in Luxemburg", "Orgeln und Orgelbau in Luxemburg", "Bekannte und verborgene Schönheiten in Luxemburg".

An der Emissioun verzielt de Pedagog, Museker, Fotograf, Auteur a Kultur-Conferencier iwwer seng Aarbechten, wéi och iwwer seng Kontakter mat ë. a. dem bekannten Dr. Albert Schweitzer.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen