Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Elora - Embers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op Besuch beim Claude Conter

De radio 100,7 Archiv

Op Besuch beim Claude Conter

De Claude Mangen war am Dezember 2007 op Besuch beim Lëtzebuerger Schrëftsteller an Enseignant Claude Conter. Zu Iechternach an zu Esch am Lycée huet hie Franséisch ginn. Hien huet e puer Bicher geschriwwen a fir verschidden Zeitungen hei am Land Texter verfaasst, ënner anerem fir Les Cahiers luxembourgeois, Le Phare an och fir La Voix des Jeunes.

auto_stories

1 min

De Professer Claude Conter, Joergank 1929, huet Romanistik op den Universitéiten Aix-en-Provence, Montpellier a Paräis studéiert. Hien huet Franséisch enseignéiert am Lycée zu Iechternach, éier hie vun 1959 bis 1990 op Esch an de Jongelycée koum. No 1974 huet hien och franséisch Literaturgeschicht um Cours Universitaire Lëtzebuerg an op der Uni Salzburg ënnerriicht.

Mat 20 Joer huet de Claude Conter säin éischte Geschichtsband "Nuits de Crystal" ënner dem Anagramm Lucrèce Nardot publizéiert. Tëschent 1962 an 1969 war hie Mataarbechter beim Le Phare an huet an de Rubrike Lettres à Sophie an Digressions Honnerte vun Artikele geschriwwen, an deenen hie sech mat der kultureller, politescher a sozialer Aktualitéit vu Lëtzebuerg auserneegesat huet. 2002 gouf eng Auswiel vun dësen Texter publizéiert.

De Claude Mangen huet sech 2007 mam Claude Conter iwwer säi Liewen a Wierk, wéi och iwwer déi kulturell a literaresch Entwécklung zanter senger éischter Publikatioun 1949, ënnerhalen.