Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Fell Runner - Come Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op Besuch: beim Ed Maroldt

De radio 100,7 Archiv

Op Besuch: beim Ed Maroldt

Däitschprofesser am LGE, Theaterschauspiller, Regisseur, Theaterauteur, Betreiung vum Schülerfernsee Uelzechtkanal. Dëst ass eng kleng Lëscht vu Beruffer, déi den Ed Maroldt ausgeüübt huet. De Claude Mangen war am Abrëll 2004 an engem Gespréich mam Ed Maroldt, dee säin Netz scho bal iwwer ganz Lëtzebuerg geheit huet. Mee all dës Beruffer hunn eppes gemeinsam, si sinn dem Ed Maroldt seng Bün, fir de Leit eppes bäizebréngen. Wéi gesäit hie selwer den Uelzechtkanal?

auto_stories

2 min

Laang Zäit war den Ed Maroldt Däitschprofesser am LGE, dem Escher Jongelycée. Nach ëmmer onverbraucht an ze begeeschteren. Op d'mannst zéng Joer laang huet hien den Uelzechtkanal geleet, dee bëssen anere Fernseeprogramm aus dem Minett. Hien huet sech gefreet doriwwer, Mount fir Mount nei Mënschen dowéinst opzesichen. Huet d'Fiedem gezunn, fir datt jonk Leit aus senger Ekipp hir Reportagen an Interviewe mat Zäit fäerdeg kruten an zum richtegen Zäitpunkt ofgeliwwert hunn.

Mat senge Fernseedokumentatiounen iwwer national oder regional Theemen huet de Maroldts Ed am Fong näischt anescht gemaach wéi zu senger Theaterzäit. Deemools war hie bekannt fir Stécker iwwer Helde wéi Herkul Grün a Charly Gaul, oder "D'Preise sinn do" an "De Barrage". Alles Bünefresken, déi hien net zu lescht dank dem Konschtmoler Ad Deville billerräich inzenéiere konnt. Allebéid hu si domat der Theaterzeen vun de Siwwenzeger an Achtzeger Joren nei Impulser ginn.

Wien haut op Esch an d'Kulturfabrik geet, soll wëssen, datt den Ed Maroldt do 1980 zesumme mat anere jonken engagéierte Kënschtler eng nei Kulturplaz gegrënnt hat. Maroldts Ed vermësst näischt a bedauert näischt! Fir en Enseignant kann et keng gréisser Satisfaktioun ginn, wéi wann hien ee vu senge fréiere Schüler aus dem Jongelycée oder aus dem Conservatoire am Theater an der nationaler Kinoszeen oder an de Medien gesäit, déi Iddi virféieren an ëmsetzen, fir déi hie si probéiert hat ze begeeschteren. Eng Emissioun vum Claude Mangen.