De Claude Mangen war 1994 beim Theaterschauspiller op Besuch, bei Geleeënheet vu deem sengem 80. Gebuertsdag.
Iwwer Joren hat den Eugène Heinen mat sengem Schaffen den Theater zu Lëtzebuerg beaflosst a markéiert. Net nëmmen als Acteur a Regisseur huet hie grouss Verdéngschter, mee och als Theaterpedagog kënnt him de Merite zou, grouss Aarbecht geleescht ze hunn. Mat 80 Joer huet hien zeréckgezunn am Krees vu senger Famill gelieft an nach ëmmer huet säin Häerz fir d'Bün geschloen, obschonns hien am Laf vu senger Karriär munch Enttäuschung hat missen astiechen. Och wann een den Eugène Heinen seelen an engem Theater begéint ass, war hie beschtens informéiert iwwer dat, wat deen Ablack grad gespillt gouf an hien huet sech nach ëmmer staark fir d'Entwécklung vum Theater heiheem interesséiert.