Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op Besuch: bei der Josiane Kartheiser

De radio 100,7 Archiv

Op Besuch: bei der Josiane Kartheiser

Am Mäerz 2004 hat de Claude Mangen d'Josiane Kartheiser, Lëtzebuerger Schrëftstellerin, Literaturkritikerin, deemoleg Presidentin vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband, op Besuch. Si huet u ville Projete geschafft, wéi zum Beispill ee franséisch-lëtzebuergesch-englesch Dictionnaire oder un Hörspiller a Kabarettexter. Wéi war dat fir d'Josiane Kartheiser, wéi si hiert alleréischt Buch publizéiert hat?

auto_stories

1 min

Foto aus dem CNL; Fotograf Paolo Leoni

D'Josiane Kartheiser gouf 1950 am Minett, méi genee zu Déifferdeng, gebuer. Huet duerno englesch an amerikanesch Literatur studéiert, als Literaturkritikerin geschafft a Lëtzebuergeschcoursë ginn. 2001 gouf d'Josiane Kartheiser Presidentin vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband, dem LSV.

Hir Sprooch, an där si schreift ass Lëtzebuergesch an Däitsch. Bis ewell koume vun der Josiane Kartheiser Sammlunge mat Gedichter a Kuerzprosatexter eraus. Doniewent war si Co-Autorin vum Wäissbuch iwwer d'Drogeplaz Lëtzebuerg a huet um Franséisch-Lëtzebuergesch-Englesch-Dictionnaire matgeschafft. D'Josiane Kartheiser huet och Theaterstécker, Hörspiller a Kabaretstexter publizéiert.

De Claude Mangen hat dës engagéiert a kritesch Schrëftstellerin 2004 an de Studio ageluede fir méi iwwer si gewuer ze ginn.