Radioen

On air

De Moien  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op Besuch: bei der Lotty Braun-Breck

De radio 100,7 Archiv

Op Besuch: bei der Lotty Braun-Breck

De Claude Mangen war am Dezember 2003 op Besuch bei der Lotty Braun-Breck. Dës Damm huet vill fir d'Konschtzeen zu Lëtzebuerg gemaach. Ënner anerem huet si bei Expositiounen an der Villa Vauban geschafft, Artikele fir d'Zäitschrëft Nos Cahiers geschriwwen, vill iwwer de Claus Cito recherchéiert, geschriwwen a Konferenzen an Ausstellungen iwwer hien a säi Wierk gehalen. Mee den Zweete Weltkrich huet och hiert d'Liewen net einfach gemaach. Si koum am Mäerz 1943 an de Krichsdéngscht.

auto_stories

1 min

Op Besuch beim Claude Mangen war 2003 eng Damm, déi grouss Verdéngschter un der Entwécklung vun der Konscht zu Lëtzebuerg huet. Schonn a jonke Jore war d'Lotty Braun-Breck u Molerei a Skulptur interesséiert. Och d'Musek, méi genee de Piano, hat hir et ugedoen. Awer den Zweete Weltkrich huet hir artistesch Ambitiounen op d'Prouf gestallt. Eréischt méi spéit, an iwwer Ëmweeër, konnt si hir Ausbildung als Zeecheprofessorin maachen. Si huet op der Handwierkerschoul an um Institut Pédagogique Schoul gehalen.

D'Lotty Braun-Breck huet ë. a. bei Expositiounen an der Villa Vauban matgeschafft, a si huet Artikelen an der Kulturzäitschrëft Nos Cahiers publizéiert. Ganz besonnesch huet si sech dem Liewen a Wierk vum Sculpteur Claus Cito (1882-1965) ugeholl, sief et duerch Ausstellungen, Konferenzen oder mam Buch "Claus Cito und seine Zeit" vun 1995.

Op dësem Gebitt huet si remarkabel Verdéngschter. Si war Member vum CAL, dem Cercle Artistique Luxembourgeois a besonnesch am Beräich vun der Tapisserei, de Gobelinen, kreativ. Och huet si 25 Joer laang als Volontairin bei der Ligue HMC matgeschafft. Mat nach bal 80 Joer war déi jonk Damm 2003 ëmmer nach op ville Gebidder onermiddlech aktiv.