Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op Besuch: bei der Milly Thill

De radio 100,7 Archiv

Op Besuch: bei der Milly Thill

D'Milly Thill, déi am Juni 2004 fir d'Emission "Op Besuch" beim Claude Mangen am Studio war, hat villes ze erzielen. Iwwer hir Aarbecht als Léierin um Lampertsbierg, hir Passioun als Chouersängerin, d'Mole vun Uelegbiller an och d'Schreiwe vun hirem Buch mam Titel "Vun déi Säit der Syr: aus der Schoul geschwat (1936-1945)". Een Erliefnes huet d'Milly Thill sech awer besonnesch verhalen, an dat aus hirer Kandheet, wou hire Pap op Ëmbauaarbechten bei der Bunn geschafft huet.

auto_stories

1 min

Eng pensionéiert Léierin vum Lampertsbierg war 2004 beim Claude Mangen am Studio.
Hiert ganzt Liewe stoung am Déngscht vun der Schoul a fir speziell pedagogesch Projete war si ëmmer bereet. An nieft hiren anere Leidenschafte wéi Liesen a Reese publizéiert si reegelméisseg Artikelen a Lëtzebuerger Sprooch.

Ganz besonnesch houfreg ass si op de groussen Erfolleg vun hirem 1990 publizéierte Buch "Vun déi Säit der Syr: aus der Schoul geschwat (1936-1945)". D'Autorin huet och den zweeten Deel (1940-1945) vun hire Krichserënnerungen op Englesch iwwersat. D'Wierk "Milly's Story - A young Girl's Memories of the Second World War" huet am Kader vum 60. Anniversaire vum D-Day e wäertvollen, dokumentaresche Bäitrag zu dësem eemolegen historesche Remembrance Ereegnes geliwwert.