Wie kennt net dem Wil Lofy säin Hämmelsmarsch-Buer um Roude Pëtz, d'Mauskätti-Skulptur zu Munneref oder d'Botterfra vun Ettelbréck an de Bacchus-Buer vu Réimech. All dës Wierker hunn de Moler a Sculpteur beim breede Publikum bekannt gemaach.
Wéi koum et dozou, wie sinn déi Skulpturen a wat verzielt de Wil Lofy selwer iwwer si? Am Oktober vum Joer 2007 war de Claude Mangen beim Artist a Liewenskënschtler op Besuch.