Déi éischt Perséinlechkeet war d'Anise Koltz. Schrëftstellerin, Dichterin, Grënnerin an Organisatrice vun den Munnerëffer Dichterdeeg, mee net nëmmen. Wat bedeit der Anise Koltz dann iwwerhaapt d'Schreiwen a wéi leet si sech dobäi un, dat war eng vu ville Froen, déi den Jean Portante hir gestallt huet.
Wéi Dir héieren hutt, war d'Schreiwe fir d'Anise Koltz eng Krankheet. An dësem Fall fir d'lëtzebuerger Literaturgeschicht an all hire Lieser awer eng wichteg Krankheet, well ouni si hätte mir keng vun hiren etleche Wierker.