Radioen

On air

De Moien  |  Gilles Baum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Absolut innovativ"

#beethoven20

"Absolut innovativ"

"Durch ununterbrochenen Fleiß erhalten Sie: Mozart's Geist aus Haydens Händen." Dëse Saz schreift de Grof von Waldstein dem Ludwig van Beethoven, kuerz éiert de Komponist op Wien plënnert. Do schreift hie seng éischt dräi Pianossonaten. Dësen Opus 2 kéint een als musikaleschen Hommage un de Mozart an den Haydn verstoen, seet de Pianist Jean Muller. Sech selwer, huet de Beethoven dobäi awer net vergiess.

auto_stories

1 min

No véier Joer Coursë beim Joseph Haydn komponéiert de Ludwig van Beethoven seng éischt dräi Sonaten a publizéiert se als säin Opus 2. Fir de Pianist Jean Muller stinn dës dräi Wierker fir d'Trias vun der Wiener Klassik: Mozart, Haydn a Beethoven.

"Déi éischt Sonat a Fa mineur ass menger Meenung no en Hommage un de Mozart, déi zweet a La majeur en Hommage un den Haydn an an der grousser drëtter schwätzt de Beethoven fir sech selwer."

Eng Introduktioun an den Opus 2

Sonat Opus 2, Nr. 1

Sonat Opus 2, Nr. 2

Sonat Opus 2, Nr. 3