"Back to Live" ass zanter e puer Deeg de Motto vun der Philharmonie, déi nees Concerten am Haus mat Public ubitt. Haut den Owend ass et deen éischte Concert vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg zanter dem 6. Mäerz. Et ass een Ament, op deen d'Museker an och hire Chefdirigent laang gewaart hunn.
"Back to Musical Life"
No dräi Méint Confinement zu Amsterdam bedeit dëse Concert fir de Gustavo Gimeno e "Back to Musical Life". Am Gespréich mam Guy Engels verréit de Chefdirigent vum OPL, wéi hien dës Zäit erlieft, a wéi hie sech op d'Relance preparéiert huet.
E Bléck hanner d'Kulissen
Nom Confinement ass nees Liewen an der Philharmonie. Wann een an d'Gebai erakënnt, begéint ee Leit aus der Verwaltung, Techniker a virun allem héiert een nees Musek.
De Luc Boentges huet sech op de Wee an d'Philharmonie gemaach, fir sech d'Preparatioune fir deen éischte Concert vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg nom Confinement unzekucken.