Radioen

On air

Espresso Beats  |  Smokey Robinson - A Quiet Storm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bësse Skibi hei, bësse Skibi do

Aircheck Session

Bësse Skibi hei, bësse Skibi do

Dem Lëtzebuerger Rapper seng Aircheck Session vum 20. Mäerz. Hie presentéiert den Album Ze Spigé, op deem hien Aflëss aus modernem Trap mat oldschool Boom bap verbënnt.

auto_stories

2 min

"'Spigé' kënnt vu 'spigéieren' an ass e Slang Wuert", seet de Skibi. "Et bedeit opzefalen op eng Aart a Weis wéi een net soll. Et ka méi liicht sinn, kann awer och an dat kriminellt iwwergoen. Do huet jiddweree säi Choix, mee generell spigéiere mer alleguer e bëssen."

De Rapper huet de Beatmaker Crux Cutz mat op der Bühn, dee fir d'Produktioun vum Album responsabel zeechent. Och den 100,7 Hip Hop Expert Bobby Bieles ass mat am Boot.

D'Aircheck Session vum Skibi gouf den 20. Mäerz vum 100,7 live aus der Kulturfabrik iwwerdroen.

Crux Cutz, Bobby Bieles a Skibi

Live Graffiti vum Alain Welter

Den Alain Welter ass begeeschtert, wa Musek op Konscht stéisst. Dat huet hie kuerz virun der Aircheck-Session vum Skibi dem Philippe Hansen um Telefon verroden. De Philippe wollt awer nach e puer Detailer méi wëssen:

Lauschterenplay_arrow

Bobby Bieles