32 Pianossonaten huet de Ludwig van Beethoven a sengem Liewe geschriwwen. An der Serie #beethoven20 - wou de Pianist Jean Muller Woch fir Woch eng Introduktioun an dës Wierker - proposéiert komme mer esou lues op d'Enn duer. An dëser Episot steet mam Opus 101 nämlech déi fënnef-lescht Sonat op der Affiche. En originellt Wierk mat enger onerwaarter Fuge, wéi de Jean Muller feststellt.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Den hellegen Universum vun de leschte fënnef Sonaten
#beethoven20
Den hellegen Universum vun de leschte fënnef Sonaten
Dem Ludwig van Beethoven seng 28. Sonat markéiert e Schnatt am Komponist sengem Wierk. Hie bréngt et fäerdeg extrem ënnerschiddlech Iddien an engem formale Gesamtkonzept ënnert een Hutt ze bréngen.
auto_stories
1 min
