Eigentlech ass de Beethoven bekannt, fir aus wéineg melodeschem Material grouss Wierker ze komponéieren. An dësem Fall ass et anescht: mat vill Material schreift hien e kuerzt an extrem frëndlecht Wierk. Ganz an der Traditioun vum Haydn fënnt een eng ganz Partie musikalesch Witzer an dëser Sonat Opus 14 Nr. 2.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ E frëndlecht Wierk mat vill Humor
#beethoven20
E frëndlecht Wierk mat vill Humor
A senger Sonat Opus 14. Nummer 2 weist sech de Ludwig van Beethoven vu senger humoristescher Säit. De Pianist Jean Muller gëtt en Abléck an dëst kuerzt a frëndlecht Wierk voller Melodien.
auto_stories
1 min
(Foto: imslp.org)