Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E verléifte Beethoven?

#beethoven20

E verléifte Beethoven?

Obwuel den offiziellen Titel vum Beethoven senger véierter Sonat "Grande sonate opus 7" ass, gouf se vun Zäitgenosse "Der Verliebte" genannt. De Beethoven soll sech a seng Schülerin Babette Gräfin von Keglevich verléift hunn, déi Persoun, där dës Sonat dediéiert ass.

auto_stories

1 min

Portrait vum Ludwig van Beethoven, gemoolt vum Joseph Willibrord Mähler (Source: Wikimedia commons)

Déi véiert Sonat vum Ludwig van Beethoven gouf mat enger eegener Opusnummer publizéiert. Eigentlech war et deemools üblech e puer Wierker ënner engem Opus ze regruppéieren. Dëst ass awer net dat Eenzegt, wat dem Bethoven seng "Grande sonate opus 7" besonnesch mécht.

Episod 3: E verléifte Bethoven?

Sonat Opus 7, Nr. 4