Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Humor an enger schwéierer Zäit

#beethoven 20

Humor an enger schwéierer Zäit

1802 stécht de Ludwig van Beethoven an enger déiwer Kris. De progressive Verloscht vu sengem Gehéier huet staark u senger Moral geknabbert. An dësem Kontext schreift hie seng 16. Sonat fir Piano.

auto_stories

1 min

Mat sengem Opus 31 publizéiert de Ludwig van Beethoven eng Grupp vun dräi Sonaten. Entstane sinn dës Wierker an enger Zäit, an där de Komponist duerch eng déif Kris gaangen ass. Trotzdeem huet déi éischt Sonat aus dëser Grupp e komplett anere Charakter, wéi een e sech bei enger Kompositioun, déi an esou enger Liewenssituatioun entstanen ass, erwaart. D'Sonat Opus 31 Nr. 1 bestéch nämlech virun allem mat Humor.

Introduktioun an d'Sonat Opus 31, Nr. 1

Sonat Opus 31, Nr. 1