Radioen

On air

De Moien  |  Bombay Bicycle Club - Tekken 2 Feat. Chaka Khan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patrimoine vun der UNESCO

De virtuelle Concertssall

Patrimoine vun der UNESCO

auto_stories

2 min

De 4. September 2011 gouf d'Originalpartitur vum Ludwig van Beethoven senger 9. Symphonie an de Patrimoine vun der UNESCO opgeholl. Bis dohinner hat d'Manuskript ee beweegte Parcours hannert sech, deen een ouni Weideres als symbolesch fir dat gedeelten Europa ka betruechten.

Fir d'Uropféierung 1824 gouf et just déi handgeschriwwen Aarbechtspartitur vum Komponist, aus där Kopistë brauchbar Instrumentalstëmmen erausgeschriwwen hunn. Eréischt 1826 gouf et eng gedréckten Editioun vum ganzen Noutematerial. Dem Beethoven säin Originalmanuskript - ee Stouss vun zesummegebonnen Nouteblieder - hat den Anton Schindler, Mataarbechter an éischte Biograph vum Komponist. Allerdéngs waren dat nëmmen déi 3 éischt Sätz. De Finale hat den Editeur Artaria gesteet. Béid Partië sinn iwwer Ëmweeër op Berlin koum: déi eng op Ost- an déi aner op Westberlin. D'Enn vum gedeelten Däitschland war schliisslech och d'Enn vum gespléckte Beethoven-Manuskript.

Ludwig van Beethoven (1750-1827): Concerto fir Gei, Cello, Piano an Orchester 00:01:40/01:04:15

Ludwig van Beethoven (1750-1827): Symphonie Nr. 9 00:01:03:45/00:01:39:58

Interpreten

Julia Fischer (Gei)
Marie-Elisabeth Hecker (Cello)
Martin Helmchen (Piano)
Malin Hartelius, Sopran
Marie-Claude Chappuis, Mezzosopran
Jörg Dürmüller, Tenor
Konstantin Wolff, Bariton
Chœur symphonique de la Grande Région
Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg
Emmanuel Krivine, Direktioun
Ton Koopman, Direktioun


De radio 100,7 huet dës Wierker an der Philharmonie opgeholl. Dir kënnt dëse Live-Matschnëtt nach bis de 4. Oktober 2020 am Virtuelle Concertssall lauschteren.