Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Brainstory - Peach Optimo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Pure magic and dark arts"

Aircheck Session Francis Of Delirium

"Pure magic and dark arts"

Francis Of Delirium spille Lidder vun den éischten zwou EPen an intime Kader vun der Kulturfabrik. D'Formatioun ronderëm d'Jana Bahrich iwwerzeegt mat Energie, Atmosphär a groussaartege Songs. Am Mëttelpunkt steet der charismatescher Sängerin hir Stëmm an hir onpretentiéis Bünepresenz.

auto_stories

1 min

Op d'Fro, wat bei der Aircheck Session um Programm, steet d'Jana Bahrich: "Pure magic and dark arts..."

Et war deen éischte Concert an iwwer sechs Méint, dee si mat Band konnt spillen, sou d'Jana Bahrich.

Hir Musek kritt an der internationaler Musekspress vill Unerkennung. Zum Beispill war si déi zweet Persoun aus Lëtzebuerg (no Sun Glitters), déi vun der Hype-Maschinn Pitchfork e Review krut. "Dat ass zimlech verréckt. Ech hätt net geduecht, datt mir e Pitchfork Review géife kréien."

Setlist:

  1. Lakes
  2. Red
  3. Circles
  4. Karen
  5. Say What You Wanna
  6. Let It All Go
  7. Equality Song
  8. I Think I'm Losing
  9. Ashamed
  10. Release
  11. Quit Fucking Around

De radio 100,7 huet dëse Live-Matschnëtt de 24. Abrëll 2021 an der Kulturfabrik opgeholl