#beethoven20 Seng lescht Kontributiounen zu der Gattung Sonat

De Jean Muller analyséiert, wéi de Ludwig van Beethoven seng Pianossonaten op en Enn bruecht huet. Nieft Tounbeispiller stinn och déi lescht Sätz vun de Sonaten Nr. 30 an Nr. 31 um Programm.

Jean Muller
Jean Muller (Foto: Archiv)

Als Invité an der Emissioun Wäiss a Schwaarz proposéiert de Jean Muller en Abléck an dem Ludwig van Beethoven seng Sonaten Nr. 30 an Nr. 31. De Pianist geet an d'Déift vun dësen zwee Wierker, proposéiert Tounbeispiller an interpretéiert allkéiers de leschte Saz vun dësen zwou Sonaten um Fligel am Studio 8 vum radio 100,7. Emotional geet et an dëse Wierker vun der gréisster Depressioun an eng Apotheose, mat dertëschent intellektuelle Konstrukter an Amenter voller Fridden.

Lauschteren


Dës Emissioun ass eng Verlängerung vun der Serie #beethoven20 mam Jean Muller. Déi eenzel Episode fannt Dir hei. Eng Analys vun der Sonat Nr. 32 vum Ludwig van Beethoven fannt Dir hei.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen