Dossier Gemengewalen 2023

Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Illustratioun Wielen
Closener Roth Djuna
Gemengewalen 2023

Zu Mamer féieren dräi Figuren aus der nationaler Politik hir respektiv Lëschten un: den CSV-Fraktiounschef an d'Presidentinne vun LSAP an déi gréng. Allen dräi wëlle se Buergermeeschter ginn.

Sophie Diderrich
Gemengewalen

Mat 24 Joer gëtt d'Sophie Diderrich déi jéngste Buergermeeschtesch bis ewell zu Lëtzebuerg. Dat an der Gemeng Noumer. D'Ana Angel huet sech mat der Sophie Diderrich op hirer Liblingsplaz getraff.

Am Fong
Gemengewale Stad

Nieft de Parteie probéiere virun de Walen och eng ganz Réi aner Organisatiounen sech Gehéier ze verschafen. An eiser Sendung "Am Fong" hu mir bei verschiddene Stater Associatiounen de Bols gefillt.

Benoy Polfer Wilmes
Gemengewale Stad

D'Lydie Polfer betount: Wa si béi de Gemengewalen e Sonndeg Zweet op der DP Lëscht géif ginn, géif si keen Usproch op de Buergermeeschterposten an der Haaptstad méi stellen.

07_06_Live um Hamilius_NetVerpassen.jpg
Gemengewalen

Haut Mëttwoch, de 7. Juni sent de radio 100,7 live aus der Stad, moies vu 7:00-10:00 Auer um Hamilius.

Montage Sécherheet Walen
Gemengewalen

CSV an DP fuerderen an hire Gemengewalprogrammer d'Schafe vun enger kommunaler Police. Mee wat genee stellen déi zwou Parteie sech vir - a wat konkret soll dës Mesure bréngen?

Pierrette Koehler
Gemengewalen

D'ADR wéilt déi véier Sëtz, déi se am Moment um kommunalen Niveau huet, op d'mannst behalen. Dat seet d'Vize-Presidentin vun der Partei Pierrette Koehler am 100,7-Interview.

Agent municipal Miersch
Gemengewalen

D'Gemenge kënnen hiren Agents municipaux zënter Ufank vun dësem Joer nei Kompetenze ginn. Wat bedeit dat konkret um Terrain? Mir hunn een Agent wärend e puer Stonne begleet.

Iechternach Sticker
Gemengewalen 2023

Zu Iechternach suerge virun allem zwee Sujete fir kontrovers Diskussiounen. Den Trafic ass ee vun den Haaptsujeten am aktuelle Walkampf ëm d'Gemengeposten. Aktuell leeft zu Iechternach ee grousse Projet, fir souwuel d'Park- wei och d'Verkéierssituatioun ze verbesseren.

Walkabinn
Neien Datum fir d'Gemengewalen

Firwat sinn d'Gemengewalen dëst Joer eigentlech am Juni, obwuel se soss ëmmer am Hierscht waren? D'Pia Oppel mat engem Réckbléck, wéi et zu dëser Ofännerung komm ass.

Rouspert-Mompech Walen 2023
Gemengewalen 2023

Ongewéinlech vill Reen hat am Juli 2021 fir schlëmm Iwwerschwemmungen uechter d'ganz Land gesuergt. Vill Leit hu missten evakuéiert ginn. Och an der Gemeng Rouspert-Mompech ass ee vun de Waassermassen iwwerrascht ginn.

Tommy Klein
Gemengewalen

D'Pirate wëllen an all den 13 Gemengen, wou si untrieden, op d'mannst ee Gemengeconseiller kréien. Ass dat net ze héich gepokert? Den Tommy Klein mengt net: "Mir sinn esou gutt opgestallt, wéi nach ni".

Gemengewalen Veianen
Gemengewalen 2023

Den Tourismus bréngt weider vill Leit op Veianen. Trotz ville Visiteure leeft net alles optimal. D'Veianer Schwämm, déi renovéiert muss ginn, an de Kloterpark, sinn nach ëmmer zou.

Esch LIVE
Gemengewalen 2023

Den Escher CSV-Buergermeeschter Georges Mischo hätt näischt dogéint fir och nom 11. Juni weider mat Gréngen an DP an enger Koalitioun zesummen ze schaffen. Och mat der LSAP? A wëll d'LSAP iwwerhaapt mat der CSV?

Elwen
Gemengewalen 2023

D'Wieler hunn den 11. Juni zwar de Choix tëscht verschiddene Lëschten, mee d'Parteie spillen trotzdeem keng grouss Roll an der nërdlechster Gemeng vum Land. De Rick Mertens war sech de "Walkampf" op Ëlwen ukucken.

Carlo Weber a Jeff Engelen.jpg
Gemengewalen 2023

Wëntger, déi flächeméisseg gréisst Gemeng am Land, kritt nom 11. Juni ganz sécher en neie Buergermeeschter. De Marcel Thommes vun der CSV geet nämlech net méi mat an d'Walen. Wéi gesäit de Walkampf elo aus?

Fränk Arndt a Maurice Muller
Gemengewalen 2023

De Wëlzer Buergermeeschter Fränk Arndt ass mat juristeschen Enquête konfrontéiert, mee geet nach eemol mat an d'Gemengewalen. Säin Erausfuerderer Maurice Muller vun der DP fënnt dat keng gutt Entscheedung.

Fiels
Gemengewalen 2023

D'Liewen um Duerf huet sech verännert. Dat ass och bei dëse Gemengewalen een Theema. Dat, well a villen Dierfer ëmmer manner Déngschtleeschtungen ugebuede ginn. Esou och an der Fiels.

Drénkwaasser Walen 2023
Gemengewalen 2023

D'Gemeng Conter wëll hir Populatioun bal ganz mat Drénkwaasser aus der Millbech Quell versuergen. Fir d'Pestiziden eraus ze kréien investéiert d'Gemeng an eng grouss Filteranlag.

Gary Kneip
Gemengewalen

De Generalsekretär vu Fokus weist sech optimistesch, datt seng Partei bei de Chamberwalen an all Bezierk mat enger voller Lëscht kann untrieden. Et wéisst ee schonn, wéi d'Lëscht kéint ausgesinn.

Walen
Superwaljoer 2023

2023 ass ee Superwaljoer. Mee wat kënnen eis d'Gemengewalen iwwer den Ausgank vun de Chamberwale verroden? Wéi änlech ass d'Walverhale bei dësen zwou Walen - oder eben vläicht net.

Gemengesekretärin Danielle Schroeder
Gemengewalen

Heiansdo gëtt gesot, d'Gemengesekretäre wieren déi heemlech Buergermeeschteren. Fir gewuer ze ginn, ob dat och esou ass, war de Maurice Molitor op Klierf bei d'Danielle Schroeder. Si ass zënter 32 Gemengesekretärin.

Gary Diderich
Gemeng Déifferdeng

De Gary Diderich, den an der Südgemeng fir déi Lénk untrëtt, sot, d'Walen zu Déifferdeng wieren "esou oppe wéi nach ni". Déi Lénk kéinte sech dowéinst duerchaus virstellen sech no de Walen un enger Koalitioun ze bedeelegen.

Live Diekrech
Gemengewalen

De radio 100,7 ass de Moien zu Dikrech op der Place de la Libération fir e Liveoptrëtt am Kader vun de Gemengewalen. Kommt laanscht!

Face à Face Marc Goergen a Jean-Marie Halsdorf
Gemengewalen

D'CSV an och d'Pirate wënschen sech méi Police-Presenz zu Péiteng. De Jean-Marie Halsdorf an de Marc Goergen ware sech awer net eens, wéi een am Beschte fir déi zousätzlech Police-Presenz ka suergen.

Alerte Rouge - Urgence  Logement
Manifestatioun

"Alerte Rouge" - Urgence Logement": Ënnert deem Motto war de Samsdeg de Mëtteg um Knuedler an der Stad e Protestpiquet vun der Koalitioun Wunnrecht, an där eng 20 Organisatioune regroupéiert sinn.

Annie Nickels-Theis.jpg
Gemeng Buerschent

D'Buergermeeschtesch vu Buerschent plädéiert dofir, datt d'Wieler och a Majorzgemengen d'Recht kréien, eenzele Kandidaten zwou Stëmmen ze ginn. D'Méiglechkeet, esou eng Präferenz auszedrécken, gëtt et aktuell am Walsystem net.

Gemengenhaus Diddeleng mat Logo
Gemengewalen

"Sozialistesch Héichbuerg" - wann déi Beschreiwung op eng Gemeng am Land zoutrëfft, dann ass et Diddeleng: D'LSAP huet hei nämlech zënter 77 Joer eng absolutt Majoritéit. Déi kéint awer bei de Gemengewalen un d'Wackele kommen.

Gemengenhaus Diddeleng mat Logo
Gemengewalen

"Sozialistesch Héichbuerg" - wann déi Beschreiwung op eng Gemeng am Land zoutrëfft, dann ass et Diddeleng: D'LSAP huet hei nämlech zënter 77 Joer eng absolutt Majoritéit. Déi kéint awer bei de Gemengewalen un d'Wackele kommen.

Laurent Zeimet a Marco Estanqueiro
Gemeng Beetebuerg

Den Duerfkär vu Beetebuerg wäert an den nächsten 10 bis 15 Joer erneiert a Verkéiers-berouegt ginn. Et gëtt en deiere Projet fir eng Gemeng, déi elo schonn déi am véiert héchst verschëlt am Land ass.

Al Schoul op der Schanz Bech
Op der Schanz

Bech ass eng kleng, diskret Gemeng, déi et nëmme seelen an déi national Schlagzeile packt. De Projet vun e puer abordabele Wunnengen um Site vun der aler Schoul huet dogéint ëmmer erëm fir Diskussioune gesuergt.

Elmen
Innovative Quartier an der Gemeng Kielen

Bezuelbar Wunnenge fir iwwer 2.000 Leit entstinn am neien an innovative Quartier Elmen zu Ollem, an der Gemeng Kielen. Mir hunn eng vun den éischten Awunnerinne begéint.

Al Schoul op der Schanz Bech
Baugeneemegung gouf accordéiert

Enn 2019 haten déi Responsabel vun der Gemeng Bech de Projet virgestallt. Ugangs war rieds vun zéng abordabele Wunnengen, déi um Site vun der aler Schoul op der Schanz sollten amenagéiert ginn. Elo sinn et der manner.

Réiden
Réiden op der Atert

Zu Réiden op der Atert gëtt et en zolitte Clinch tëscht dem 2. Schäffen an dem Rescht vum Schäffen- a Gemengerot, deen d'Stëmmung am Virfeld vum 11. Juni nawell elle belaascht.

Michel Pauly Meenung
Fräie Mikro

De Klima- an Energieplang nennt d'Hausaufgaben, déi an deenen eenzele Secteuren ze maache sinn, fir datt mir d'Klimakatastroph nach evitéiert kréien. Och op Gemengeniveau soll dat Konsequenzen hunn.

Rives d'Alzette Miersch
Héichwaasser-Schutz

Eng 1.000 Wunnenge ginn um Site vum fréieren Agro-Zenter zu Miersch gebaut. No den Iwwerschwemmunge vun 2021 ginn do awer elo extra Héichwaasser-Schutz-Mesurë respektéiert. Mir duerften de Chantier besichen.

Schëld Kinnekswiss Videoiwwerwaachung
No Ugrëff op der Kinnekswiss

Déi privat Sécherheetsbeamte sollen an Zukunft vun dräi Auer mëttes un an der Haaptstad circuléieren, an net wéi aktuell vu fënnef Auer un. Dat huet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer um Mëttwoch virun der Press annoncéiert.

Vincent Reding mat Walen 2023
Gemengewalen

Weiler-zu-Tuer ass eng Gemeng vun 2.500 Leit, de Buergermeeschter vun do huet 13 Stonne Congé politique fir senger Funktioun nozegoen. Dat géif bei wäitem net duergoen, sou de Vincent Reding.

Esch Mobilitéitsplang
Lokale Mobilitéitsplang 2035 vun der Gemeng Esch

Iwwer de Mobilitéitsplang 2035 vun der Gemeng Esch scheeden sech d'Geeschter. Fir d'Majoritéit een Dokument, dat eng kloer Richtung virgëtt. Fir d'Oppositioun "komesch", datt dëse grad elo virgeluecht gëtt.

Sandweiler
Eclat an der Gemeng Sandweiler

Eclat an der Gemeng Sandweiler, wou um Donneschde Moien eigentlech de PAG sollt gestëmmt ginn. Mee d'LSAP an DP-Oppositioun huet de Sall aus Protest verlooss.

Jessie Thill a Guy Arendt
Gemengewalen

An der Gemeng Walfer gëtt een dem Trafick net Meeschter. De grousse Problem dovun ass de Bäreldénger Bierg. Fir ee fléissenden Trafick ze kréien, ass et do sënnvoll eng Paralellstrooss ze bauen?

Monique Smit-Thijs a Nico Pundel
Gemengewalen

Do wou et sënnvoll an néideg wier, géif Bartreng a Stroossen zesumme schaffen. Déi zwou Gemenge géife gutt beienee passen, och vun der Mentalitéit hier, soen d'Buergermeeschter:inne Monique Smit-Thijs an Nico Pundel.

Jean Weiler a Marco Lux
Gemeng Keel-Téiteng

De fréieren LSAP Buergermeeschter, John Lorent, hat seng Majoritéit verluer. Déi rout-gréng Koalitioun ass domat geplatzt a gouf duerch eng CSV-DP Majoritéit ersat. De Jean Weiler verséchert, d'Situatioun hätt sech elo berouegt.

Bous Schëld
Gemengewalen

Et ramouert tëschent de Fusiounsgemenge Bous a Waldbriedemes. Ënner anerem wéinst dem gemeinsame Gemengenhaus, dat no der Fusioun soll entstoen.

Véloh!
15 Joer vel'OH

De vel'OH, gëtt haut 15 Joer al - déi turquoise-blo Vëloe fir auszeléinen, gehéiere fest zum Bild vun der Stat dobäi. Mir hunn ee Bilan iwwer dem Service seng Entwécklung gemaach.

Journée de l'inscription
Gemengewalen

E Samschdeg war d'Journée nationale de l'inscription. D'Gemenge waren opgeruff den Auslänner um fräie Samschdeg d'Méiglechkeet ze ginn, sech op d'Wielerlëschten anzedroen. Mir waren dobäi.

Parteikongress Fokus
Nationalkongress vun der Partei Fokus

"Courage fir Verännerung"- mat dësem Slogan wëll d'Partei Fokus am Oktober an d'Chamberwalen zéien. Um Nationalkongress zu Schëtter gouf d'Campagne virgestallt.

Tommy Klein
Chamberwalen

Sondagë géifen Tendenzen erëmspigelen "déi et net ze ignoréiere gëllt", seet den Tommy Klein. Mee och wann d'Sonndesfro de Piraten e gewëssen Opschwong géif attestéieren, wier se trotzdeem nëmmen eng Momentopnam.

Bréifkëscht
HAAPTSAD

An der Stad ginn et ëmmer méi Leit, déi net op där Plaz wunnen op där se ugemellt sinn. Anescht wéi vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer duergestallt, géifen déi Leit net vum System profitéieren, mee ëmgedréint, esou d'ASTI.

LuxTram
LuxTram

A gutt 5 Joer sollen déi zwou Extensioune vum Tram fäerdeg sinn: eng um Kierchbierg an eng Richtung Hollerech. D'Käschte gi vum Staat a vun der Stad Lëtzebuerg gedroen.

Marion Zovilé-Braquet
Chemieproduzent

D'Buergermeeschtesch vu Conter seet si wier "erféiert", datt DuPont Teijin Films 160 Aarbechtsplazen an hirer Gemeng wëllt ofbauen. Si wier vun der Nouvelle "iwwerrascht" ginn, datt de Chemieproduzent zwou Produktiounslinne wéilt zoumaachen.

Dupont Teijin Films
Chimie-Industrie

Bei Dupont Teijin Films zu Conter sollen 160 Aarbechtsplazen ofgebaut ginn. Doriwwer huet d'Direktioun vun der Chimie-Entreprise d'Personaldelegatioun an d'Gewerkschaften LCGB an OGBL informéiert.

DP-Kongress
Walcampagne

Um Kongress de Samsdeg op Esch-Belval - 95 Deeg virum Wahlsonndeg - gouf d'DP-Campagne presentéiert. "Mir wäerten dëst Joer zu engem bloe Joer maachen", gouf ugekënnegt.

Hotel de ville Luxembourg
Question urgente un de Stater Schäfferot

Ass d'Hamiliusplaz an der Stad privat oder public? Dat froen Déi Lénk an enger Question urgente un de Stater Schäfferot. D'Proprietäre vun der Plaz wéilten nämlech keng Manifestatioun op hirer Plaz.

Déi gréng
Gemengewalen-Kongress

Déi gréng hunn decidéiert mat enger nationaler Spëtzekandidatin oder engem Spëtzekandidat an d'Chamberwale vum 8. Oktober ze goen. Déi deementspriechend Resolutioun ass um Samschdeg mat grousser Majoritéit um grénge Parteikongress zu Zolwer ugeholl ginn.

Hesper Haus Famill
Hesper

Flüchtlinge komme wéinst dem Krich an der Ukraine op Lëtzebuerg. D'Gemeng Hesper huet séier reagéiert. Een Haus wat eigentlech hätt sollen ofgerappt ginn, gouf sou amenagéiert, fir dass Leit eraplënnere kennen.

Laurent Moyse Meenung
Fräie Mikro

100 Gemengen ziele mir deemnächst zu Lëtzebuerg, mee d'Gemenge ginn ëmmer méi grouss. D'Wuesstumspolitik stellt nei Erausfuerderungen um lokale Niveau, stellt de Laurent Moyse am Fräie Mikro fest.

Sans Abri
Recensement

D'EU huet sech d'Zil gesat, datt bis 2030 keng Leit méi sollen op der Strooss liewen. Eleng an der Stad Lëtzebuerg goufen awer am Oktober eng 200 Leit gezielt, déi kee festen Dag iwwer dem Kapp hunn.

Claude Berg
Héichspannungsleitung vun der Creos

D'Biergerinitiativ Amber 380 KV wiert sech géint d'Installatioun vun enger Héichspannungsleitung vun 380kV - also 380.000 Volt - vun der Creos. Deen aktuell geplangten Tracé wier ze no un den Haiser drun.

Aline Rosenbaum
Konsumenteschutz

De Konsumenteschutz fuerdert contraignant Mesuren, déi d'Banken drun hënnere solle systematesch Agencen zouzemaachen a Bankomaten ofzebauen. Dat wier e richtege Gesellschafts-Probleem, seet déi nei Directrice vun der ULC, Aline Rosenbaum.

Tiny house.jpg
Logement

D'Lëtzebuerger Tiny Houses Community ass frou iwwert d'Annonce datt den Inneministère am gaange wier nei Typpe vu Reglementer auszeschaffen, fir de Gemengen d'Méiglechkeet ze ginn Tiny Haiser am Gemengereglement virzegesinn.

Gemeng Weiler zum Tuerm Weiler-la-Tour
Gemengepolitik

An der Gemeng Weiler zum Tuerm huet op en neits e Member vum Gemengerot demissionéiert. Trotz villen turbulenzen am Gemengerot ass dës Demissioun awer net op Konflikter zeréckzeféieren.

Taina Bofferding.jpg
Gemengegesetz

Mat dëser éischter Etapp vun der Reform vum Gemengegesetz sollen déi 102 Gemenge méi autonom funktionéieren an d'Prozedure vereinfacht ginn. D'Gemenge sollen net just kontrolléiert, mee och begleet ginn.

Klinik
Projet „Schlasskéier“ zu Wolz

Den deementspriechende Projet "Schlasskéier" ass virgestallt ginn. Et gëtt eng Klinik ouni Better, just fir ambulant Behandlungen an der Poliklinik, a fir kleng Operatiounen ouni stationären Openthalt.

Taina Bofferding
Gemeng Schëffleng

Den Inneministère an d'Gemeng Schëffleng hu verschidden Interpretatioune wat de neie Bautereglement vun der Südgemeng ugeet. Eng Rei Dispositioune géifen an de PAG respektiv an e PAP gehéieren.

Jean-Claude Franck Kommentar
Walkampf

Fir d'Chamberwale si bei de grousse Parteien esou lues d'Spëtzekandidat:inne bekannt. D'Pläng vun der LSAP a vun der CSV sinn net ouni Risiko, mengt de Jean-Claude Franck.

Claude Thill
Claude Thill

Den Dikrecher Buergermeeschter ass weider optimistesch, datt seng Gemeng an de nächste Jore mat de Nopeschgemenge Bettenduerf, Ierpeldeng, Ettelbréck a Schieren wäert fusionéieren.

Biergerinitiativ Doihl 5
Biergerinitiativen zu Rodange

De geplangte Bau vun engem Hotel zu Rodange stéisst bei den Awunner op Widderstand. Zwou Biergerinitiativen hu sech dofir gëschter Owend zu Rodange am Doihl versammelt, wou den Hotel gebaut soll ginn.

Michel Pauly Meenung
Fräie Mikro

Et alles alles anescht wéi kloer, ob déi Kandidat:innen, déi fir d'Gemengewalen optrieden, och fir d'Chamberwalen a Fro kommen oder ëmgedréint. Där Meenung ass de Michel Pauly am Fräie Mikro.

Bréifkëschten
Haaptsad

Aleng d'lescht Joer hätten iwwer 2.400 Leit aus dem Populatiounsregëster misste gestrach ginn, well si guer net op där Plaz wunnen, op där se eigentlech ugemellt sinn. Eng grouss Partie dovunner wieren Abuse gewiescht.

Djuna Bernard a Meris Sehovic - Déi Gréng
Neijooschpatt

Onpoleemesch, sachlech a Fakten-orientéiert - esou gesinn déi gréng sech selwer an hirer politescher Aarbecht. Op hirem Neijooschpatt e Méindeg gouf et och vill Luef fir déi eege Regierungsmemberen.

Epicerie sociale
Reportage

Déi lescht Méint kréich een d'Präisdeierecht och zu Lëtzebuerg ze spieren, seet d'Gerante vun der Epicerie sociale zu Stengefort. Wéi erliewen d'Clienten an den Epicerien dës Situatioun?

IRM Potaschbierg
Konventioun gouf ënnerschriwwen

Den IRM Potaschbierg begréisst, datt hiren Zenter elo offiziell eng Zouloossung vun der Santé krut. De Moien hunn d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de Center Hospitalier CHL déi néideg Konventioun ënnerschriwwen.

Lydie Polfer
Gemengewalen 2023

D'Lydie Polfer huet de Moien op RTL confirméiert, datt si bei de Gemengewalen nach eng Kéier DP-Spëtzekandidatin an der Stad gëtt. Co-Spëtzekandidat gëtt den DP-Schäffe Patrick Goldschmidt.

Nordstad
Referendum iwwer Fusiounsprojet Nordstad

Spéitstens an der Hallschent vun der nächster Legislaturperiod misst de Referendum iwwer d'Nordstadfusioun organiséiert ginn, seet de Claude Thill. D'Gemengeréit vun de fënnef betraffene Gemenge wiere sech eens.

Krunn Waasser
Net just an de Südgemengen

Net nëmmen an de Südgemengen wäert de Waasserpräis klammen. Op Nofro hi bestätegen déi dräi aner grouss Waassersyndikater, datt och si de Präis vum Waasser eropsetze wéinst den héijen Energiepräisser.

Frank Engel
Chamber- a Gemengewalen 2023

De Spriecher vu Fokus seet, datt d'Trennung vun de Chamber- a Gemengewalen "widdersënneg" wier. Seng Partei fuerdert, fir d'Walen d'nächst Joer op deem selwechten Dag ze halen.

Drénkwaasser
Waassersydikat

De Waasserpräis wäert an 22 Südgemengen ëm 40 Cent de Meterkibb klammen. Keen hätt déi Decisioun mat Begeeschterung geholl, mee si wier awer néideg gewiescht, seet den Tom Jungen, President vum Waassersyndikat SES.

Symbolbild Landesplanung
Landesplanung

Viru kuerzem gouf de Plan directeur fäerdeg, ee vun de wichtegsten Instrumenter vun der Landesplanung. D'Gemenge misste bei den Diskussioune méi agebonne ginn, fuerdert de Syvicol.

Christian Weis
Chômage

Den Escher Sozialschäffe ass zefridde mat der Entwécklung vum Site Esch-Belval als Géigepol zur Stad mat neien Aarbechtsplazen. Et bräicht een awer och Aarbechtsplazen, fir déi ee keen Uni-Diplom brauch.

Fabricio Costa
Reform vun der Grondsteier

Déi jonk gréng fuerderen, datt d'Regierung hir Steierproposen am Logementsberäich nach eng Kéier iwwerdenkt. D'Mesuren, déi aktuell um Dësch leien, géifen net wäit genuch goen, esou de Fabricio Costa.

Gemengenhaus Diddeleng
Chamberwalen 2023

De Syvicol fuerdert, datt d'Regierung d'Gemengen als Partner soll ugesinn. De Gemengesyndikat huet en vue vun de Chamberwale 36 Propose fir déi nächst Legislaturperiod op den Dësch geluecht.

Claudine Speltz
Gemengewalen

Wéi kritt ee Fraen iwwerzeegt an d'Politik ze goen? De CNFL wëllt virun de Gemengewale sensibiliséieren. De Changement an de Mentalitéite bräicht awer Zäit, seet d'Claudine Speltz vum CNFL.

Kadaster Bauen
"Des cartes et des chiffres"

A senger neier Serie "Karten an Zuelen" verëffentlech de Ministère fir Landesplanung eng Rei Fakten iwwer Landesplanung a Landesverbauch zu Lëtzebuerg. Dëst ass e wichtegt Instrument fir Landesplanung.

Ginnette Jones
Sozialsystem

Sozial Hëllefen ënnerstëtzen d'Leit beim Iwwerliewen, mee déi laangfristeg Prekaritéit huet een Impakt op d'Gesondheet vun de Leit, seet d'Presidentin vun der Entente des offices sociaux.

Tinyhouse
Logement

D'Liewen an engem "Tiny House" ass abordabel a minimalistesch, se passe bei d'Besoine vun der Zäit. D'Gemeng Stroosse wëllt eng Rëtsch där klenger Haisercher op hirem Territoire installéieren a verlounen.

Carole Reckinger.jpg
Caritas

No der Ried zur Lag vun der Natioun fënnt d'Carole Reckinger vun der Caritas, datt d'Regierung net wäit genuch geet, fir d'Aarmut ze bekämpfen, an datt just wéineg konkret Mesurë genannt goufen.

Georges Mischo
Georges Mischo

D'Stad Esch kritt ee neie lokale Sécherheetsplang. Nieft preventive Moossnamen ewéi d'Beliichtung oder Streetworker, sollen Iwwerwaachungskameraen agesat ginn, seet den Escher Buergermeeschter Georges Mischo.

Taina Bofferding
Deel-Reform

D'Gemengepolitik soll méi attraktiv gemaach ginn - dat iwwer de Wee vun enger weiderer Deel-Reform vum Gemengegesetz. D'Inneministesch Taina Bofferding huet de Moien den Text dofir presentéiert.

Marc Widong
Fonds du Kirchberg

Um Kierchbierg gëtt an de nächste Joren e neie Wunnquartier fir eng 7.000 Leit gebaut. Deeler déi scho bebaut si wäerten och verännert ginn. D'Zil ass et, de Kierchbierg méi zu engem Wunngebitt ze veränneren.

Pascale Junker
Lëtzebuerg 2050

Wéi wäert sech Lëtzebuerg bis 2050 entwéckelen? Am Wirtschaftsministère solle bis Mäerz d'nächst Joer véier bis fënnef Zukunftszenarien ausgeschafft ginn, déi dëst virzeechnen.

Yves Wengler
Iechternacher Energiezentral

Et hätt een an der Tëschenzäit all feelend Dokumenter fir de Bau vun der neier Energiezentral zu Iechternach bei de betraffene Verwaltungen agereecht. Dat schreift den Iechternacher Schäfferot an engem Communiqué den Dënschdeg.

Bëschbesetzung Bobësch
Aktivist:innen

Jonk Aktivist:inne besetzen zanter enger Woch e Stéck Bësch tëscht Käerjeng a Suessem. Si wëlle verhënneren, datt de sougenannte "Bobësch" fir de Käerjenger Contournement Plaz muss maachen.

Georges Mischo
Trennung vu Mandater

Huet een als Buergermeeschter genuch Zäit fir och an der Chamber ze sëtzen, oder wier et besser d'Mandater ze trennen? Den Escher Député-maire gesäit just Virdeeler a sengem Duebelmandat.

Rosport-Mompach Bilan Héichwaasser
Historesch Iwwerschwemmungen

D'Héichwaasser vum leschte Joer huet d'Gemeng Rouspert-Mompech verännert. Fir de Buergermeeschter ass eppes kloer: Fir d'Gemeng gëtt et eng Zäit virum 14. a 15. Juli 2021, an eng dono.

DP Fraktiounsbilan
Steierpolitik

No Meenung vun der DP-Fraktioun wier et an dësen Zäiten "absolut onverantwortlech" esou eng ëmfaassend Steierreform ëmzesetzen. Ouni Pandemie an Ukrain-Krich hätt ee sech eng Steierreform kënne leeschten.

Patrick Goldschmidt
Transport

Vill vun de Vel'OH-Maschinnen an der Stad si futti, den Exploitant JC Decaux kritt se net séier genuch gefléckt - eng Erausfuerderung fir d'Stad Lëtzebuerg, seet den zoustännege Schäffen Patrick Goldschmit.

Stauséi
Sécherheet ronderëm de Séi

Manner Autoen a méi Barrièren: esou preparéiert ee sech op de Weekend um Stauséi. Hallef sou vill Autoe solle kënne bis bei d'Plage, ee Reservatiounssystem wier awer keng Optioun.

Yves Wengler
Yves Wengler

D'Preparative fir den Iechternacher Séi als Badegewässer unzebidden, lafen op Héichtouren. Dës Saison nach wëllt d'Gemeng zwee Pontonen installéiere fir den Touristen ee Sprong an d'Waasser ze erméiglechen.

Gemeng
Lokalpolitik

Wien ee Mandat am Gemengerot huet, muss och där Gemeng wunnen, ënnersträicht d'Taina Bofferding. Wien dës Konditioun net méi erfëllt, misst dat matdeelen a säi Mandat néierleeën, preziséiert d'Inneministesch.

Photo R.Beissel.png
Roger Beissel

19 Joer laang huet et gedauert éier zu Fréiseng d'Opfaart fir op d'Autobunn A13 a Richtung Schengen konnt genotzt ginn. Dëse Méindeg um 6 Auer Mueres ass et esouwäit.

CCDH
Gesellschaft

Et kéint ee verstoen, datt Sécherheet ronderëm dat eegent Haus fir d'Leit e wichtegt Theema wier, mee et misst een och ëmmer kucken, ob d'Moyenen déi agesat gi proportionell wieren, sou de President vun der Mënscherechtskommissioun.

Georges Mischo
Gemengesyndikat Pro-Sud

D'Député-Mairë Georges Mischo an Dan Biancalana weisen d'Kriticke vun der fréierer Pro-Sud-Presidentin zréck: no hirer Demissioun d'lescht Woch hat d'Anouk Boever-Thill e "gewëssen Dysfonctionnement" an der Exekutiv vum Gemenge-Syndikat Pro-Sud kritiséiert.

Michel Pauly
Fräie Mikro

Zu Iechternach di se sech schwéier mat hiren historesche Monumenter. De Michel Pauly Member vun der neier Commission pour le Patrimoine culturel, ënnersträicht am Fräie Mikro d'Bedeitung vun den archeologeschen Entdeckungen aus dem leschte Joren.

Paulette Lenert
IRM zu Gréiwemaacher

Den IRM um Potaschbierg géif ouni legal Basis agesat ginn, seet d'Paulette Lenert. En IRM dierft just an Zesummenaarbecht mat engem Spidol exploitéiert ginn - op déi Pist wéilt een zesumme mam radiologeschen Zenter goen.

IRM Potaschbierg
Privat Initiativ

Wéi ugekënnegt sinn de Mëttwoch de Moien déi éischt Patienten am Centre d'imagerie médicale um Potaschbierg bei Gréiwemaacher en charge geholl ginn. D'Santé huet bis zur Stonn och keng Interventioun gemaach fir dat ze verhënneren.

Emile EICHER
Gemengepolitik

An der Gemeng Klierf sicht d'CSV-Majoritéitsfraktioun no engem Koalitiounspartner, nodeems den CSV-Conseiller Theo Blasen ugangs der Woch aus der Fraktioun ausgetrueden ass.

Carlo Kütten
Gemengefusiounen

Zu Bous a Waldbriedemes kënnt et haut zu engem Referendum iwwer eng méiglech Fusioun. D'Oploen, déi d'Gemengen erfëlle mussen, wieren ëmmer méi komplex, betount de Carlo Kütten, Buergermeeschter vu Bous.

Petite Marquise
Iechternach

Bei den Ofrappaarbechte vum Gebai vun der "Petite Marquise" sinn archeologesch Iwwerreschter fonnt ginn. D'Ausgruewunge wiere vun excellenter Qualitéit a missten onbedéngt erhale ginn.

Nordstad
Nordstad

De Projet Nordstad bleift eng schwéier Gebuert. Déi geplangte Fusioun vun de fënnef Nordgemengen waart zënter Joren op hir Ëmsetzung. Elo kéint et weidere Retard ginn.

Grondwaasser
Weltwaasserdag

Een Drëttel vum Grondwaasser kann net als Drénkwaasser benotzt ginn, well et ze knaschteg ass. 13.000 Kubikmeter kéinte pro Dag net méi geliwwert ginn, seet d'Magali Bernard vun der Waasserverwaltung.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen