Austrëtt vu Groussbritannien "Brexit"

Dossier Pabeier Schëffercher mat europaëschem a britesche Fändel

Den 23. Juni 2016 huet eng Majoritéit a Groussbritannien sech fir den Austrëtt aus der EU ausgeschwat. Dozou proposéiert d'Noriichteredaktioun vum radio 100,7 Interviewen, Chroniken an Dossieren.

Jean-Claude Juncker EU-Sommet 18 Okt 2018
Brexit

Am Sträit iwwer de Brexit hunn d'EU a Groussbritannien een Duerchbroch erreecht. De Jean-Claude Juncker insistéiert, datt deen elo misst ëmgesat ginn.

Cargolux
Brexit

Wat geschitt bei engem Brexit ouni Accord mat de Cargolux-Flich? Nach lafen d'Verhandlungen um EU-Niveau. Zentral Fro fir Lëtzebuerg ass, wéi eng national Kompetenzen am Beräich Fluchverkéier un d'EU-Kommissioun transferéiert ginn.

Brexit
Brexit

Theresa May a dû faire face à une autre défaite face à son Parlement concernant le Brexit. Même s'il s'agit d'un acte symbolique, le chemin s'annonce d'autant plus compliqué pour les discussions avec Bruxelles.

Charles Goerens
Brexit

Dem Charel Goerens no ass et onwahrscheinlech, datt d'britescht Parlament géint de Brexit-Accord stëmmt. Wéi eng Erausfuerderunge kommen duerch de Brexit op d'EU an op Lëtzebuerg zou?

Europarlament debattéiert iwwert Brexit
Europaparlament

D'Europaparlament ass zefridde mat deem, wat bis elo an de Brexit-Verhandlunge festgehale gouf. D'EU konnt sech duerchsetzen, sou d'Analys vum Parlament. Et bleiwen awer nach vill Detailer ze klären.

David Davis a Michel Barnier bei Brexit-Verhandlungen
Brexit

Et gëtt nach ëmmer keng konkret Resultater bei de Brexit-Verhandlungen. De Moment vun der Wourecht wier elo do, sot de Michel Barnier, dee fir d'EU mat Groussbritannien negociéiert.

Nicolas Mackel
Brexit

Wéi vill Aarbechtsplaze kënnen zu Lëtzebuerg duerch de Brexit entstoen? 3.000, gëtt den Direkter vu Luxembourg for Finance vun der Agence AFP zitéiert. Um radio 100,7 kommentéiert hien déi Zuel.

Sabine Dörry
Brexit

Am Kader vum Brexit musse britesch Affekoten, déi fir d'Lëtzebuerger Finanzplaz schaffen, vun de Lëtzebuerger Autoritéite besser ënnerstëtzt ginn, fuerdert d'Dr. Sabine Dörry vum LISER.

Gregor Schusterschitz.JPG
Brexit

Groussbritannien wier ouni kloer Virstellungen an déi éischt Verhandlungsronn eragaangen, seet de Grergor Schusterschitz. Et wier awer e Feeler fir d'Briten z'ënnerschätzen, sou den Ambassadeur vun Éisträich.

Merkel an Hollande
EU-Sommet

Den EU-Sommet iwwert de Brexit e Samschdeg war séier eriwwer. Domat wollten déi 27 EU-Memberstaaten Unitéit weisen. Bleift déi Eenheet och iwwer de ganze Prozess vun de Verhandlunge bestoen?

Just-eng-schréips.jpg Meenung
Wirtschaft

Den Austrëtt aus der EU wäert Groussbritannien deier ze stoe kommen. An och fir d'EU selwer huet de Brexit en héije Käschtepunkt. Déi Messagë wëll zu dësem Zäitpunkt awer kee richteg héieren.

Jacques Poos
Europapolitik

Europa hätt sech ze séier entwéckelt, fënnt de Jacques Poos. "Dat ginn ech haut zou, obwuel ech en Acteur dovu war." Vill Problemer vun haut hätten hir Ursaachen an der Vergaangenheet.

Zetzsche-1001525.JPG
Brexit

D'EU kann de grousse Privileg vum absolute Fräihandel am europäesche Bannemaart net gratis verschenken, seet den Dirk Andreas Zetzsche, Expert am Finanzrecht op der Uni Lëtzebuerg.

Brexit.jpg
Réckbléck Brexit

De Brexit wäert signifikant Konsequenze fir Lëtzebuerg hunn, besonnesch fir d'Finanzplaz. Mee vun Ufank u war kloer, datt déi net nëmmen negativ wäerte sinn. Ee Réckbléck an Ausbléck.

Martin Schulz
Brexit

Enn Mäerz soll Groussbritanien seng Austrëttsprozedur aus der EU declenchéieren. D'Meenunge vun den EU Staats- a Regierungscheffen iwwer de Brexit leie momentan nach wäit auserneen.

John Marshall
Nom "Brexit"-Vote

Mat neie Fluchlinne wéilt een, dem briteschen Ambassadeur John Marshall no, Wirtschaftsbezéiungen ukierpen, Touristen a Studenten unzéien. An och den Image nom "Brexit"-Referendum oppoléieren?

Theresa May 3
Brexit

D'Austrëttsprozedur vu Groussbritannien aus der EU soll Enn Mäerz 2016 Joer ageleet ginn, esou d'Theresa May. Si wënscht sech eng Bedeelegung um EU-Bannemaart, mee keng fräi Zirkulatioun vun EU-Bierger.

Xavier Bettel Bratislava
EU-Sommet zu Bratislava

"Mir kënnen net op Bratislava goen a maache wéi wann näischt geschitt wier", seet den EU-Rotspresident Donald Tusk. Um informellen EU-Sommet wëll hien eng Agenda fir d'Zukunft vun der EU presentéieren.

Pro-EU Manifestatioun London 3
Brexit

A Groussbritannien waren uechter d'Land Demonstratioune géint de Brexit. Zu London sinn e puer Dausend Leit bei d'Parlament marschéiert fir géint d'Resultat vum Referendum ze protestéieren.

Roland Junck, British Steel
Brexit

All Woch diskutéiert d'britesch Regierung mat grousse Betriber, sou de Roland Junck. Groussbritannien waart net op en Accord mat der EU, fir de Brexit virzebereeden, seet den neie Chef vu British Steel.

Accueil
Xavier Bettel

Bei der Relance vun der europäescher Iddi stinn d'Sécherheet, d'Investissementer an d'Jugend am Mëttelpunkt, sou de Premier Xavier Bettel no enger Entrevue mam franséische President zu Paräis.

Robert Scharfe
Bourse

En Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU ass keng gutt Nouvelle, mengt de Robert Scharfe, Generaldirekter vun der Bourse. Wie géif hoffe vum Brexit ze profitéieren, géif extrem kuerzfristeg iwwerleeën.

René Winkin.jpg
FEDIL

De Lëtzebuerger Standuert huet kloer Virdeeler, seet den Direkter vun FEDIL, de René Winkin. Et misst awer och un d’Relève geduecht ginn an no enger qualifizéierter Main d’oeuvre gesicht ginn.

Logement-Brexit.JPG
Immobilien

De Brexit kéint Auswierkungen op den Immobiliemarché hei am Land hunn. Am Logementsministère, bei den Agencen an och der Chambre immobilière ass dat een Thema. An trotz Onkloerheet, ginn et Zeenarien.

Simone Beck Meenung
Brexit

Et wier falsch, d'Schold eleng deenen ze ginn, déi fir de Brexit gestëmmt hunn. De Feeler läit och bei engem Manktem u Leadership an engem Verloscht vu Vertrauen an d'Parteien, mengt d'Simone Beck.

RER Fayot Lorang 2.JPG
Brexit

D'Äntwert op déi global Problemer kennen nëmmen duerch Zesummenaarbecht an Europa geléist ginn. De Ben Fayot (LSAP) an de Pierre Lorang (CSV) sinn sech awer bewosst, datt dat net einfach gëtt.

EU Affekoten Bréissel.jpg
Brexit

Britesch EU-Fonctionnairë bräichte sech keng Suergen ëm hir Aarbechtsplazen ze maachen. Dat huet de Jean-Claude Juncker hinne verséchert. Awer och aner Leit fille sech vum Brexit concernéiert.

Reding-Turmes
Brexit

D'Viviane Reding an de Claude Turmes begréissen d'Iddi vun engem Käreuropa ronderëm d'Grënnungsmemberen. Sécherheet, Wirtschaft a Soziales missten am Mëttelpunkt vum europäesche Projet stoen.

London Underground
Nom Referendum

D'Evenementer hu sech nom Referendum iwwerstierzt. Wat ass alles geschitt? A wéi geet et weider? Hei sinn déi wichtegst Fakten. An déi méiglech Konsequenze fir Politik, Gesellschaft a Wirtschaft.

Pia Oppel Kommentar
Brexit

75 Prozent vun de Wieler tëscht 18 a 24 Joer hu géint ee Brexit gestëmmt. Et wier an hirem Interessi, datt den europäeschen Integratiounsprojet viru gedriwwe gëtt.

Jean Asselborn
Jean Asselborn

"D'EU ass net k.o., mee muss grad elo zesumme stoen!" Dat seet de Jean Asselborn, Ausseminister vun engem EU-Grënnungsstaat. Hie fuerdert, dass London d'Prozedur fir e Brexit séier declenchéiert!

RER Brexit.JPG
RIICHT ERAUS

Lëtzebuerg kéint vum Brexit profitéieren - dat gouf an der Emissioun "Riicht eraus" däitlech. D'Onsécherheeten, déi mam Austrëtt zesummenhänken, kéinten awer negativ fir d'Staatsfinanze sinn.

london brexit.jpg
Referendum a Groussbritannien

Nodeems kloer ass, datt d'Brite fir ee Brexit gestëmmt hunn, huet de Premier David Cameron um Freideg annoncéiert, datt hie fir Oktober wëll zrécktrieden. D'EU kuckt elo op d'Austrëttsverhandlungen.

bréissel.jpg
Brexit

D'Reaktiounen zum Brexit hunn et gewisen: Europa ass, mam Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU, an enger neier Situatioun. D'Austrëttsverhandlunge kéinte sech an d'Längt zéien.

london oxford street.jpg
Brexit

An der britescher Haaptstad London wollten iwwer 60% vun de Wieler an der EU bleiwen. Ëmsou méi grouss war de Schock um Freideg de Moien, wéi d’Londoner mat der Nouvelle vum Brexit erwächt sinn.

Jean-Paul Hoffmann Meenung
Brexit

De britesche Wieler huet d'Chance genotzt, dem Establishment mol eng gutt auszewëschen. Groussbritannien huet décidéiert, an et geet een neie politesche Raum op. Eng Wirtschaftschronik vum Jean-Paul Hoffmann.

london.jpg
Referendum a Groussbritannien

Zu London krut Campagne vun deenen, déi fir e Brexit sinn, am Virfeld vum Referendum wéineg Ënnerstëtzung. Déi britesch Haaptstad war an de Sondagen däitlech fir de "Remain". Dofir ginn et eng Rei Erklärungen.

Wahlurn Groubrittannien.jpg
Referendum a Groussbrittannien

D'Ofstëmmung fir oder géint ee Brexit huet d'Bevëlkerung bis zum Schluss polariséiert. Och well déi zwou Campagnen déif Spueren a Groussbritannien hannerlooss hunn.

leave remain.JPG
Referendum a Groussbritannien

Zanter Woche leeft de Brexit-Medienzirkus a Groussbritannien op Héichtouren. Den George Brock, Professer fir Journalismus zu London, erkläert am Interview wéi déi sozial Medien d'Debatt beaflosst hunn.

Rick Mertens Meenung
Brexit-Debatt

Des Woch decidéiert sech, ob Groussbritannien an der EU bleift oder net. De Mord un der Jo Cox kéint de Referendum entscheedend beaflossen, mengt de Rick Mertens an enger Auslandschronik vu London.

Pierre Gramegna
Brexit

Ee Brexit géif d'ganz EU schwächen, seet de Pierre Gramegna. Lëtzebuerg géif ee wichtegen Alliéierten a Finanzfroe verléieren. Bei engem Austrëtt géif awer net direkt alles zesummebriechen.

Lynn Zoenen
BREXIT

Fir d’EU géif e Brexit eng laang Phase vun Onsécherheet bedeiten, esou d’Lynn Zoenen vun der Chambre de Commerce. Ee Risiko wier, datt d’Vertraue vun Investisseuren a Consommateuren erof geet.

Finanzdistrikt vu London Analys
Brexit

An engem Mount wielt Groussbritannien. De méigleche Brexit spléckt net just d éi englesch Politik an Gesellschaft. Wéi eng Implikatiounë hätt e Brexit op déi britesch an europäesch Ekonomie?

Waltraud Schelkle.jpg
EU-Referendum a Groussbritannien

D'Waltraud Schelkle vun der "London School of Economics" seet, dass ee Brexit negativ Konsequenzen fir de britesche Finanzsecteur hätt. Déi Lëtzebuerger Finanzplaz kéint dovunner profitéieren.

Alice Walpole.JPG
Brexit-Debatt

D'Alice Walpole, britesch Ambassadrice zu Lëtzebuerg, ass géint e Brexit. Si insistéiert drop, datt an der aktueller Debatt net alles schwaarz a wäiss wier. D'Brite wéilten an der EU bleiwen, wiere just net mat allem averstan. 

Political or financial concept of the European Union struggling and finding a solution with the Unit
Brexit-Deal

Um EU-Conseil gouf et een Accord tëscht der EU a Groussbritannien. Domat soll de britesche Premier seng Landsleit iwwerzeegen. Den 23. Juni stëmmen d'Briten of, ob si an der EU wëlle bleiwen.

David Cameron Kommentar
Brexit-Deal

D'EU huet kee Konzept, wéi si mat der sougenannter Flüchtlingskris ëmgoe soll. Wann et drëm geet, economesch u Stäerkt ze verléieren, ass ee sech méi séier eens. Eng Analys vum Danièle Weber.

bigstock-British-Prime-Minister-David-C-83473328.jpg
Groussbritannien

Bréissel ass prett fir d'Relatioune mat Groussbritannien z'iwwerdenken. Mee geet dat duer fir d'Briten z'iwwerzeege fir an der EU bleiwen?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen