Steiervirdeeler fir Betriber LuxLeaks

Dossier ICIJ LuxLeaks
©ICIJ / Tim Meko / Shutterstock

De 5. November 2014 huet den Internationale Journaliste-Konsortium ICIJ mat der Publikatioun vun Dausende confidentiellen Dokumenter gewisen, datt verschidde multinational Konzerner zu Lëtzebuerg deels manner wéi ee Prozent Steiere bezuelen. Déi international Reaktiounen no de sougenannte "LuxLeaks"-Revelatiounen huet d'Regierung staark ënner Drock gesat. An dësem Dossier fannt Dir eis Berichterstattung zum Thema.

LuxLeaks-7.JPG
Luxleaks

An der Affär Luxleaks stoung de Whistleblower Antoine Deltour gëschter fir säin zweeten Appellsprozess viru Geriicht. Dës Kéier goung et eleng ëm de Klau vu Formatiounsdokumenter vu sengem fréiere Patron PwC.

Antoine Deltour
Luxleaks

Whistleblowere musse besser protegéiert ginn, fënnt d'Europaparlament. D'EU-Kommissioun soll ee Gesetz virleeën. Et misst séchergestallt sinn, datt ee Whistleblower kann direkt un d'Press goen.

9861A4EF-3432-40F7-B677-F4C0F1F4C1F7.jpg
Luxleaks Appellprozess

An zweeter Instanz bleift et bei der Condamnatioun vun deenen zwee fréiere PWC-Mataarbechter Deltour an Halet. Dem Journalist Edouard Perrin säi Fräisproch ass haut vum Geriicht confirméiert ginn.

Antoine Deltour virum Geriichtssall beim Luxleaks-Prozess
SREL / LuxLeaks

De Justin Turpel huet kritiséiert, datt e Geheimdéngscht-Agent de LuxLeaks-Prozess an de Solidaritéitscomité fir déi Ugeklooten observéiert hätt. Vum Staatsministère koum een Dementi.

Jean-Jacques Rommes
UEL

"Rulinge sinn eng gutt Mesure fir den Entreprisen eng Sécherheet ze ginn", seet de Generaldirekter vun der UEL. De Jean-Jacques Rommes kritiséiert d’Berichterstattung iwwert de Luxleaks-Prozess.

luxleaks
Affär Luxleaks

Nom Uerteel am Luxleaks-Prozess ass de Parquet an Appell général gaangen. Dat huet de Journalist Edouard Perrin, dee fräigesprach ginn ass, dëse Méindeg via Twitter annoncéiert.

Fayot & Paulus
LuxLeaks Uerteel

Dem Strofrecht no hätt d'Geriicht net anescht kënnen tranchéieren, sou de Franz Fayot (LSAP) iwwert d'LuxLeaks-Uerteel. D'Magali Paulus vun "Tax Justice Lëtzebuerg" schwätzt vun enger verpasster Chance.

LuxLeaks-3.JPG
LuxLeaks

Déi zwee fréier PWC-Mataarbechter Antoine Deltour a Raphaël Halet sinn zu 12, respektiv 9 Méint Prisong mat Surcis veruerteelt ginn. D'Verdeedegung reagéiert mat Onverständnis a geet an Appel.

Jean-Claude Franck Kommentar
LuxLeaks a Staatstrojaner

PWC huet d'Steierrulingen op Bréifpabeier vun der Steierverwaltung geprint fir Zäit ze gewannen. Well déi véier grouss Parteien an engem Boot sëtzen, ass dat gréisstendeels onkommentéiert bliwwen.

luxleaks
Luxleaks-Prozess

D'Uerteel am Prozess gëtt de Mëtteg um dräi Auer gesprach. Ugeklot sinn zwee fréier PWC-Mataarbechter an ee Journalist. D'Decisioun vun de Riichter dierft international fir Schlagzeile suergen.

Pia Oppel Meenung
Finanzsecteur

Fir d’Finanzplaz wier et besser, wann d'Iwwerwaachungsautoritéit CSSF net vu Leit geleet géif ginn, déi nach kuerz virdru selwer am Secteur geschafft hunn. Eng Wirtschaftschronik vum Pia Oppel.

Justin Turpel Pol Urbany.JPG Riicht Eraus
LuxLeaks-Prozess

Déi Ugeklote wiere keng Whistleblower, sou de Maître Pol Urbany. Deltour an Halet hätten eng Praxis opgedeckt, déi géint d’Verfassung an EU-Recht verstouss hätt, sot de Justin Turpel.

Michel Pauly.JPG Meenung
LuxLeaks-Prozess

De Michel Pauly iwwert de Courage vu Whistleblower an den Zesummenhank vu Politik a Moral.

OLYMPUS DIGITAL CAMERA
Luxleaks-Prozess

D'Uerteel am LuxLeaks-Prozess gëtt den 29. Juni gesprach, sot de Riichter um Enn vum aachten a leschte Prozessdag. Den Antoine Deltour huet un d'Geriicht appeléiert, hien net als Delinquent ze jugéieren, mee als Whistleblower.

Dan Israel.JPG
LuxLeaks-Prozess

"Den Edouard Perrin kritt reprochéiert seng Aarbecht gemaach ze hunn", seet den Dan Israel. Hie couvréiert de LuxLeaks-Prozess fir Mediapart. D'Affär wäert Auswierkungen op d'Aarbecht vun der Press hunn.

Deltour 1.JPG
LuxLeaks-Prozess

Den Antoine Deltour seet, hien hätt et net geziilt op Steierrulingen ofgesinn. D'Ausmoossen, déi d'Debatt kritt huet, géifen him Recht ginn. De Journalist Perrin seet, hien hätt seng Aarbecht gemaach.

lixleaks manif.JPG Analys
Luxleaks

Déi éischt Woch am Luxleaks-Prozess ass eriwwer. D’Uklo pocht op den Dateklau an de Verstouss géint d’Betribsgeheimnis. D’Verdeedegung wëll de Prozess politiséieren an en ongerechte System uprangeren.

Canet.JPG
Luxleaks

Am Kontext vum Luxleaks-Prozess seet de franséische Journalist Jean-Pierre Canet, d'Roll vum Auditeur PriceWaterhouseCoopers géif Froen opwerfen. Et hätt een d'Gefill, datt PwC "groussen Drock gemaach hätt".

Xavier Counasse.JPG
Investigative Journalismus

De Xavier Counasse ass Journalist bei der belscher Dageszeitung "Le Soir". Als Member vum Internationale Journalisteconsortium huet hien op den Dossiere LuxLeaks, Swissleaks a Panama Papers geschafft.

Deltour.JPG
LuxLeaks

Beim LuxLeaks-Prozess sinn dräi Persounen ugeklot. Wéinst dem illegale Kopéieren a Verdeele vu Steierrulinge riskéiere si eng Prisongsstrof vu bis zu zéng Joer. Wéi ass et zu deem Prozess komm?

Aged Mailboxes
Steierpolitik

D'Zäit vun de Bréifkëschtefirmaen ass zu Lëtzebuerg eriwwer. Doriwwer si sech Politiker an Experten eens. Mä wéi vill Substanz muss eng Societéit hunn, fir vu Steieravantage kënnen ze profitéieren?

Margrethe Vestager
EU-Kommissioun

Der EU-Kommissioun no, huet den italieneschen Automobil-Constructeur Fiat zu Lëtzebuerg vun illegaler Staatshëllef profitéiert, well en iwwerdriwwe Steier-Avantagen accordéiert krut.

Fabio De Masi.jpg
LuxLeaks

De lénken Europadeputéierte Fabio De Masi reagéiert am 100,7-Interview op déi rezent Publikatioun vun engem Passage aus dem Krecké-Rapport vun 1997 iwwer Steierbedruch

Juncker.jpg
LuxLeaks

De Jean-Claude Juncker seet hien hätt d'Säiten iwwert d'Steier-Rulingen aus dem Krecké-Rapport ni gesinn. Den Auteur vum Rapport, de Jeannot Krecké, seet awer hien hätt dem deemolege Premier an enger anerer Persoun déi Säiten gewisen

L1000127.jpg
Steierpolitik

“Den internationale Steiersystem fonctionnéiert net méi.” Doriwwer ware sech d’Invitéen vun enger Table Ronde vum Cercle de Cooperation den 2. Juni hei zu Lëtzebuerg Eens

Alain Lamassoure.jpg
LuxLeaks

D'Regierung wëll net all d'Informatiounen zur Verfügung stellen, déi d'Spezialkommissioun "Steiere" vum EU-Parlament brauch, fir der aggressiver Betribsbesteierung bannent der Europäescher Unioun op de Fong ze goen

Antoine Deltour.jpg
LuxLeaks

De fréiere PwC-Mataarbechter Antoine Deltour huet erkläert, dass hien op déi systemesch Problematik vun der aggressiver Steieroptiméierung wollt hiweisen

Steierpolitik

An der Originalversioun vu sengem Rapport 1997 iwwer d'Steierhannerzéiung huet de Jeannot Krecké der Regierung Juncker geroden, d'Konsequenze vun de Steier-Rulingen am A ze halen

D’EU-Kommissioun wëll d’LuxLeaks-Dokumenter als sougenannt "Maart-Informatioune" benotzen, déi dann eventuell zu neien Enquête géint Lëtzebuerg kënne féieren

Am Avant-Projet vun engem groussherzogleche Reglement heescht et, datt d'Steieraccorden op eng synthetiséiert an anonym Manéier ëffentlech gemaach ginn

Wann een dem Luc Frieden séin extreme Malaise an der Sendung “cash investigation” op France 3 gesinn hat, an och schonn emol an der Stad bei engem Haus stoung mat 16 Schelle mat dem selwechten Numm drop, war et kloer, datt an der Steierverwaltung “getrickst” gëtt.

Op europäeschem an internationalem Plang setzen sech elo lëtzebuerger Spëtzepolitiker dofir an, fir déi ganz Steieroptimiséierung ënnert d’Lupp ze huelen. Wär et net nëmmen normal wann dat och hei am Land géif gemaach ginn

Een internationalen Aktiounsplang géint aggressiv Steieroptiméierung ass schonn ënnerwee a gëtt vu Lëtzebuerg ënnerstëtzt, sou den Direkter fir Steierfroe bei der OECD

D'Regierung huet kuerzfristeg eng Pressekonferenz aberuff, fir Stellung ze huelen zur Publikatioun vun Dausenden Dokumenter iwwer geheim Steieraccorden vu Lëtzebuerg mat multinationalen Entreprisen

Zu den Enquête vun der EU-Kommissioun iwwert d’Tax Rulings fir Fiat an Amazon ass d'Regierung Zitat “relativ optimistesch”, datt d’EU-Kommissioun keng Fehler fënnt

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen