Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chrëschtdag uechter d'Welt, dem Wim Hof säin Trick a Rendéieren

Kannerkëscht

Chrëschtdag uechter d'Welt, dem Wim Hof säin Trick a Rendéieren

Op der ganzer Welt waarden d'Familljen op Chrëschtdag, well dat eben d'Fest vun der Famill a vun der Léift ass. Mee gëtt dann Chrëschtdag iwwerall d'selwecht gefeiert?

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Et ass wuel op ville Plazen op der Welt Chrëschtdag an dat Fest gëtt och op ville Plaze gefeiert. A mir hunn e puer Beispiller, wéi verschidde Chrëschtdag op der Welt ka sinn.

Dono heescht et dann déif Loft ze huelen, well de Joseph Rodesch huet en Experiment derbäi, wou hien de Wim Hof-Trick erkläert, en Trick, mat deem een d'Loft ëmmer an ëmmer méi laang kann anhalen.

Et ass jo och d'Zäit vum "Weihnachtsmann", vum "Santa Claus" oder vum "Père Noël", wat awer eppes anescht ass wéi eise Kleeschen.

Op alle Fall ass de Weihnachtsmann net mat engem Iesel ënnerwee, mee en huet e Schlitt mat Rendéieren. An da si mir beim Françoise aus dem Naturmusée, an d'Françoise erkläert eis, wat Rendéieren iwwerhaapt sinn.

Vill Spaass beim lauschteren.