Radioen

On air

One World  |  Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Buergbrennen, d'Augsburger Puppenkiste an een Déier am Buedem

Kannerkëscht

D'Buergbrennen, d'Augsburger Puppenkiste an een Déier am Buedem

De Sonndeg no der Fuesent ass Buergsonndeg. Do ass et Traditioun, datt a villen Dierfer uechtert d'Land ee Buergbrennen ass.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Et seet een d'Buerg, mee et ass awer meeschtens e grousst Kräiz dat op de meeschte Plaze verbrannt gëtt. An domat gëtt symbolesch de Wanter, also déi kal an däischter Joreszäit, verbrannt a verjot. D'Nathalie wäert iech an der Kannerkëscht nach vill méi iwwert d'Buergbrennen erzielen.

Dir hutt bestëmmt selwer scho vun der Augsburger Puppenkiste héieren, engem ganz bekannte Marionettentheater aus Däitschland. D'Augsburger Puppenkiste kritt scho 75 Joer, an dat Bescht dobäi ass, si ass nach ëmmer do.

An um Enn kucke mir emol wat esou am Buedem lass ass, besonnesch elo wann mir Deeg hunn, wou et vill reent an de Buedem naass ass. D'Monique aus dem Naturmusée schwätzt iwwert e klengt awer dach laangt Déier, ech verroden iech awer nach net wéi en Déier et ass, dofir muss der schonn era lauschteren.

An domat vill Freed mat der 100,7-Kannerkëscht.