Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Stan Vreeken - Martha

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Faaschtenzäit, de Weltdag vum Héieren, an d'Mary a seng Monsteren

Kannerkëscht

D'Faaschtenzäit, de Weltdag vum Héieren, an d'Mary a seng Monsteren

Fir unzefänken huet d'Michèle vum FNR, dem Fond National de Recherche, iech een Experiment matbruecht bei deem et dorëms geet, wat een am Däischtere gesäit, oder besser, firwat een net am Däischtere gesäit.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Mat Buergsonndeg ass jo an eise Géigenden d'Faaschtenzäit ugaangen, déi bis Ouschteren dauert. Dofir gi mir der Fro no: Wou kënnt déi Faaschtenzäit iwwerhaapt hier? Mam Nathalie vum SCRIPT schwätze mir iwwer de Weltdag vum Héieren, an dat ass sécher net vu Muttwëll, well mir allgemeng jo zum Beispill méi dacks bei den Zänndokter ginn, wéi bei den Ouerendokter. An awer ass et wichteg och d'Oueren an d'Gehéier reegelméisseg kontrolléieren ze loossen.

An d'Monique aus dem natur musée erzielt eis d'Geschicht vum Mary, dat geduecht huet, et hätt Monstere gesinn, mee u sech war et eng wëssenschaftlech Decouverte, eng ganz spannend Geschicht.

An domat vill Freed mat der 100,7-Kannerkëscht