Radioen

On air

Notturno  |  Gregario - Godwin Point In 4

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Fuesent, d'Wunnengsnout am Bësch a Käerzen um Kuch

Kannerkëscht

D'Fuesent, d'Wunnengsnout am Bësch a Käerzen um Kuch

Wousst dir, datt Fuesent net nëmmen hei bei eis, mee och an den Nopeschlänner wéi zum Beispill an Däitschland gefeiert gëtt. An den Donneschdeg virun der Fuesent gëtt bei eis "fetten Donneschdeg" genannt.

auto_stories

1 min

Wou dat hir kënnt de "fetten Donneschdeg" erkläre mir iech haut an der Kannerkëscht, an och dann den Dag awer bei eisen däitschen Noperen eng ganz aner Bedeitung huet.

Dir hutt bestëmmt schonn héieren, datt et schwiereg ass fir eng Wunneng oder en Haus ze fannen. Ma hutt dir iech da scho gefrot, wéi dat mat de Wunnengen am Bësch bei den Déieren ass? Majo dat ass d'Thema, mat deem d'Françoise aus dem Naturmusée sech haut beschäftegt.

An dann och nach een Trick wéi ee Käerzen um Gebuertsdagskuch kann aus maachen, ouni ze blosen. A sidd der scho gespaant?

Vill Spaass bei Nolauschteren an Nomaachen!