Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Mona Lisa, d'Schoulfoire, d'Krukerten an en Zauberstréihallem

Kannerkëscht

D'Mona Lisa, d'Schoulfoire, d'Krukerten an en Zauberstréihallem

Dem groussen italieenesche Moler Leonarda Da Vinci säi bekannste Bild "Mona Lisa" ass zu Paräis am Musée du Louvre ze gesinn. Milliounen vu Mënschen ginn datt Bild Joer fir Joer kucken, an awer weess een nach net alles iwwert dem Da Vinci säin Tableau.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Zum Beispill ass net gewosst wien déi Madamm mam schéine Laachen iwwerhaapt ass. Oder et ginn och Konscht-Spezialisten déi sech froen, ob et iwwerhaapt eng Fra ass. Mir ginn dem Mona Lisa haut an der Kannerkëscht op d'Spuer.

Et ass schonn eng schwéier Saach, wann ee soll soen wat ee gären als Beruff géif maachen. Am Abrëll elo, ass déi zweet Schoulfoire an der Luxexpo um Kierchbierg an do kënnt dir da vill méi gewuer ginn, wat een alles esou kann am Liewe maachen.

Et kann dann och sinn, datt dir an de leschten Deeg uechstert Land, e komesch Gejäiz um Himmel héieren huet. Dat heescht, datt d'Krukerten am gaange sinn iwwert eist Land ze fléien a wat Krukerte sinn, erkläert d'Francoise aus dem Natumusée.

An um Enn dann nach e Super-Experiment oder et ass scho bal eppes wéi en Zaubertrick mam Michèle vum FNR an zwar wéi een e Stréihallem un d'Wibbele kritt, ouni en un ze paken.

Vill Spaass bei Nolauschteren an Nomaachen!