Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Loschi, Australien an eng Lavaluucht

Kannerkëscht

De Loschi, Australien an eng Lavaluucht

De Loschbuermann war laang deen eelsten Lëtzebuerger. Mee wien ass dee Loschbuermann dann iwwerhaapt? An der Kannerkëscht gitt dir et gewuer.
Mir huelen iech mat an Australien op déi aner Säit vun der Welt, a mir baue mam Mister Science eng Lavaluucht.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Salut Kanner! Wann dir an de Naturmusée era gitt, da gesitt dir an der Entrée d'Figur vun engem Mann op engem roude Kannapee sëtzen. Et géif ee bal unhuelen, dee séiz do fir Salut ze soen.

Abee, dat ass de Loschi! An de Loschi ass d'Reproduktioune vun engem Skelett, dat een am Naturmusée ka gesinn: vum Loschbuermann. Vun deem gouf gesot, e wier den eelste Lëtzebuerger.

Mee stëmmt dat? Dat gitt dir an der Kannerkëscht gewuer an och wien de Loschi elo war.

De Jean Claude Majerus erzielt iech nach esou munches iwwer Australien, ee Kontinent an e Land, dat vun eis aus gekuckt op der anerer Säit vun der Welt läit.

Am Experiment an der Kannerkëscht mat Science.lu erkläert de Mister Science, wéi een eng Lavaluucht baut, dat gëtt ganz spannend.