Radioen

On air

Kultur um 5  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Münchhausen, den Hot-Chocolate-Effekt an de Loschi

Kannerkëscht

De Münchhausen, den Hot-Chocolate-Effekt an de Loschi

Wann ee vu Ligen oder Schwindele schwätzt, da kënnt engem als éischt de Pinocchio an de Kapp. Mee hien ass awer net deen Eenzegen, deen duerch schwindele bekannt ginn ass.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Een anere Gesell ass de Baron vu Münchhausen, deen och gären de Ligebaron genannt gëtt. Bei den Aventuren, déi iwwer de Baron Münchhausen erzielt ginn, ass een net ëmmer bei der Wouerecht bliwwen. De Jean Claude erzielt iech méi iwwer de Ligebarong.

Dann ass de Joseph vun FNR och nees an der Kannerkëscht mat engem Experiment derbäi, an zwar geet et ëm den Hot Chocolate-Effekt. Wat dat mat Schockela ze dinn huet, gitt dir hei gewuer. An um Enn wäert d'Monique aus dem Naturmusée iech en Här virstellen, dee bei hinnen am Musée ganz gemittlech op engem roude Kannapee sëtzt.

An domat vill Freed fir iech an ärer Kannerkëscht.