Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Weltbicherdag, Léiwen zu Lëtzebuerg an de Pinocchio

Kannerkëscht

De Weltbicherdag, Léiwen zu Lëtzebuerg an de Pinocchio

Ginn et Léiwen zu Lëtzebuerg oder goufen et emol Léiwen zu Lëtzebuerg? Eng Fro, déi dir iech vläicht net all Dag stellt, mee awer eng intressant Fro. D'Françoise Theisen aus dem Naturmusée weess, wéi dat mat de Léiwen zu Lëtzebuerg war. An dir gitt och gewuer, datt Lëtzebuerg am Fong ganz enk mat Léiwe verbonnen ass.

auto_stories

1 min

Kannerkëscht Podcast Nr. 57play_arrow


D'Nathalie Bender vum Script schwätzt iech dës Kéier iwwer de Weltdag vun de Bicher, deen den 23 Abrëll ass. An d'UNESCO huet deen Dag rausgesicht, well et den Doudesdag vun zwee ganz grousse Schrëftsteller ass. Nämlech dem William Shakespeare, deen ënnert anerem "Romeo a Julia" geschriwwen huet. A vum spueneschen Auteur Miguel de Cervantes an deen huet d'Buch iwwer den "Don Quichote" geschriwwen, an hie gëllt haut als spueneschen Nationaldichter.

A mir bleiwen dann um Enn vun der Kannerkëscht nach bei engem Buch, dat dir an är Famill sécher kennt, an zwar dem Carlo Collodi seng Geschicht iwwer eng hëlze Popp, de Pinocchio. An dat Buch ass virun 140 Joer rauskomm.

An domat vill Freed mat der 100,7-Kannerkëscht