Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Stan Vreeken - Martha

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Zwergplanéit Pluto, de kierperlechen Effort an Schoul dobaussen

Kannerkëscht

Den Zwergplanéit Pluto, de kierperlechen Effort an Schoul dobaussen

Zanter iwwer 15 Joer ass de Pluto scho kee Planéit méi, mee just nach en Zwergplanéit. Wéi dat koum gitt dir an der Kannerkëscht gewuer. Da weist d'Michèle iech wat geschitt, wann eise Kierper sech ustrengt. Mam Nathalie vum Script gi mer dann an d'Schoul, awer net dobannen an de Klassesall, mee dobaussen, wou der och wibbele kënnt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

"Mein Vater erklärt mir jeden Samstag unsere neun Planeten". Mat Hëllef vun dëser Ieselsbréck hunn der vill nach déi richteg Reiefolleg vun de Planéiten an eisem Sonnesystem geléiert.

Merkur Venus Äerd Mars Jupiter Saturn Uranus Neptun Pluto. Jo - deemools gouf dee klengen nach derbäi gezielt.

An dunn op ee Mol huet en net méi dierfe matspillen. "Mein Vater erklärt mir jeden Samstag unseren Nachthimmel ", léieren d'Kanner elo. Firwat ass de Pluto dann elo kee Planéit méi, mee nach just e Zwergplanéit?

Wa mer lafen oder den Hampelmann maachen, oder soss eng ustrengend Beweegung, da verännere sech Saachen an eisem Kierper, an d'Michèle vum Fond National de Recherche,erkläert, wat do mat an an eisem Kierper geschitt.

Am mam Nathalie léiert dir e Projet kennen, dee "Mer si raus" heescht. Lauschtert gutt no, an dann zielt der dat ärer Léierin oder ärem Schoulmeeschter, well et geet drëms Schoul net am Klassesall, mee dobaussen ze halen. Dat kléngt dach gutt, oder?